JACQUES MOLITOR: Ze vill des Gutts
Mat „Mammejong“ hätt kéinten e gudde lëtzebuergeschen Auteurefilm an de Kino kommen. Mä och wann d’Zutaten alleguerten do sinn, feelt et dem Jacques Molitor sengem Film dach u Feinschlëff.

Leider net de grousse Worf fir „Mammejong“
De Flëpp steet ënnert der Schlapp. Ënnert där vu senger Mamm, déi säi Liewe kontrolléiert, ënnert där vu senge Gläichaltregen, déi e schikanéieren an ënnert senger eegener, well e sech einfach net emanzipéiere kann. An dat, obwuel en dach en häerzensgudde Jong ass, genau sou gutt, wéi säi Papp, dee sech viru Joeren ëmbruecht huet. A genee deemools huet säin Ongléck ugefaang.
A lo sëtzt en do am Duerfbuttek, deen e mat senger Mamm féiert, ouni grouss Perspektiven, an op deen en Immobilienhai schonns en A geworf huet. mehr lesen / lire plus