All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch geet et ëm e wichtege Schrëtt an der Energiewend zu Lëtzebuerg: Mat „Echo-Wave“ soll tëscht Kehlen a Keispelt déi éischt lokal Produktiounsanlag fir nohaltege Waasserstoff entstoen. Ab 2027 kéint do gréngen Energiecarrier hiergestallt ginn, virun allem fir d’Industrie an d’Logistik. Am Podcast erkläert d’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui, wéi realistesch d’Pläng sinn, wat d’Bedeitung vum Projet fir d’national Strategie ass a wou nach Froenzeechen bleiwen.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Der Traum der eigenen Herstellung
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

