Am Bistro mat der woxx #358 – D’Robotaxi-Illusioun

von | 30.10.2025

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

An dëser Episod geet et ëm eng Zukunftsvisioun, déi ëmmer méi no kënnt: automatiséiert Fueren. D’Regierung huet d’Strategie „Automatiséiert Fueren 2028“ presentéiert an domat grouss Pläng ugekënnegt – bis hin zu Robotaxien op eise Stroossen. Awer wéi realistesch ass dat wierklech?
De Journalist Joël Adami erkläert, wat hannert der neier Strategie stécht, wéi autonom déi sougenannt selbstfuerege Gefierer tatsächlech sinn an ob se d’Mobilitéitsproblemer am Land léise kënnen oder se éischter verschäerfen.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Automatisiertes Fahren: Die Robotaxi-Illusion

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #375 – Wéi hëtze mir an der Zukunft?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #373 – Geschlechtersensibel behandelen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Laang Zäit gouf de männleche Kierper als medezinesche Standart ugesinn – an dat mat konkrete Konsequenzen: Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a...