All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Soll Social Media fir Jugendlecher ënner 16 Joer verbuede ginn? An ëmmer méi europäesche Länner gëtt dat diskutéiert – och zu Lëtzebuerg. Als Argument gëllt de Schutz vun der mentaler Gesondheet. Mä d’wëssenschaftlech Evidenz ass méi nuancéiert wéi d’politesch Debatt et vermudde léisst. E Verbuet hätt Konsequenze fir all Benotzer*innen: Fir d’Alter ze kontrolléieren, misst d’Identitéit iwwerpréift ginn, mat Auswierkungen op Dateschutz an Anonymitéit am Netz. Gläichzäiteg ginn et Fuerderungen no enger méi staarker Reguléierung vun de Plattformen an no méi Medienbildung.
Iwwer Schutz, Fräiheet a méiglech Alternativen schwätzt d’Melanie Czarnik mam Joël Adami an dëser Episod.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Social-Media-Verbot und seine Folgen: Ausweispflicht im Internet
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

