Am Bistro mat der woxx #379 – Loftqualitéit: Op Käschte vun der Gesondheet

von | 03.04.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

Zu Lëtzebuerg ass d’Loftqualitéit gutt. Op mannst steet dat meeschtens esou an der offizieller App an op offizielle Websäiten. Just ganz seele gëtt viru schlechter Loft gewarnt. Mä dat läit virun allem dorun, datt sech dobäi op al Grenzwäerter vun der EU bezu gëtt. Déi leien awer wäit iwwer de Recommandatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun. Déi aktuell Donnéeë weisen: Et gëtt keen Niveau vu Loftverschmotzung, dee wierklech gesond ass. Elo soll een neit Gesetz kommen. Dat huet zwar méi streng Standarden, mä d’Regierung ass net ambitionéiert genuch – mat Konsequenze fir d’Gesondheet.An dëser Episod schwätzen de Joël Adami an d’María Elorza Saralegui iwwert d’Diskrepanz tëscht politescher Realitéit a wëssenschaftlechen Erkenntnisser.

D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn: Luftqualität: Atemlos durch die Jahr(zehnt)e

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #378 – Pestiziden: Geféierleche Fréijoerscocktail?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Pestizidréckstänn bei Lëtzebuerger Äppel hu viru kuerzem fir hefteg Diskussioune gesuergt, mä  de Problem limitéiert sech net just op Äppel. Och wann d’Réckstänn ënner de gesetzleche Grenzwäerter vun der EU leien, stellt sech d’Fro, wéi Pestiziden an der...

ËMWELTPODCAST

Am Bistro mat der woxx #376 – Directive de la vigilance

Chaque semaine, le podcast de la woxx vous offre un regard en coulisses sur notre travail journalistique et explore les enjeux derrière nos articles. Cette semaine-ci, les journalistes Fabien Grasser et María Elorza Saralegui se centrent sur une directive européene concernant le devoir de vigilance. Considérablement affaiblie lors des...