Am Bistro mat der woxx #398 – Wat d’Scheitere vun der Buedem-COP mam Klima ze dinn huet

von | 04.09.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

Logo vum Podcast Am Bistro mat der woxx: een Kopfhörer. Doriwwer steet a grénger Schrëft: D'Buedem-COP an de Klima. Een Text informéiert ausserdem, datt et d'Episod Nr. 398 ass.Zu Ulaanbaatar, der Haaptstad vun der Mongolei, ass viru kuerzem d’Buedem-COP op een Enn gaangen. Do geet et dorëms, d’Wüstebildung an d’Degradatioun vun de Biedem op der Welt ze stoppen. Leider gouf et net vill Resultater, mä awer ee klenge Liichtbléck. Am Podcast schwätzt d’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui iwwert d’Léieren, déi aus dëser COP gezu kënne ginn an erkläert och, wat dat erniichterent Resultat fir weider Konferenzen zur Biodiversitéit an natierlech dem Klima bedeiten.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: COP17 gegen Bodendegradation: Ein Tropfen auf den heißen Boden

 

 

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...