Am Bistro mat der woxx #398 – Wat d’Scheitere vun der Buedem-COP mam Klima ze dinn huet
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Zu Ulaanbaatar, der Haaptstad vun der Mongolei, ass viru kuerzem d'Buedem-COP op een Enn gaangen. Do geet et dorëms, d'Wüstebildung an d'Degradatioun vun de Biedem op der Welt ze stoppen. Leider gouf et net vill Resultater, mä awer ee klenge Liichtbléck. Am...









