Carte Blanche op RTL: Pressepolitik ouni Journalist*innen

von | 02.07.2021

Lëtzebuerg kritt en neit Pressehëllefgesetz. Déi eigentlech Betraffen, nämlech d’Journalist*innen, sinn allerdéngs „not amused“. Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf..

Fir et gläich kloerzemaachen: D’Intentioune vum neie Pressehëllefgesetz si gutt. Et ass wichteg a richteg, wann e Gesetz nei Initiativen an Iddien ënnerstëtzt an net ausgrenzt.

Eng Ausweidung vum Perimeter vun der Pressehëllef op nei Medieformen, zum Beispill am Online-Beräich, ass d’ailleurs eppes, wat och Printmedie scho säit laangem gefuerdert hunn. Si hunn dozou souguer an der Vergaangenheet ëffentlech Konferenzen organiséiert.

Déi klassesch geschriwwe Press huet u Bedeitung verluer. Allerdéngs manner hir Receptioun an der Ëffentlechkeet, wéi hiren ekonomesche Modell. Mat Zeitungmaache Suen ze verdéngen, ass am Zäitalter vum Internet net méi esou einfach. Déi kapitalistesch Äntwert bei réckleefegem Ëmsaz heescht Konzentratioun: Lokalzeitunge gi vu regionalen a regional Zeitunge vun iwwerregionalen opkaaft. Déi Déck schlécken déi méi Kleng.

Zu Lëtzebuerg wär eng weider Konzentratioun besonnesch problematesch: Bei eis géif just eng Dageszeitung knapps iwwerliewen, bei de Wochenzeitunge wier et änlech – wat dem Doud vum Mediepluralismus gläich kéim. Duerfir gëtt et säit de 1970er Joren d’Pressehëllef, déi allerdéngs no enger Rei Ännerungen hire Geescht verluer hat. Déi kleng Medie kruten ëmmer manner vum Kuch of, wärend d’Subsiden insgesamt duerch de Plaffong goungen.

An den Ae vu ville Medieschaffende riskéiert allerdéngs déi Reform, déi an den nächsten Deeg an der Chamber wäert gestëmmt ginn, de Bëbee mam Waasser auszeschëdden. Leider hëtzt dat neit Gesetz eng Konfrontatioun un, déi net misst sinn: Onlinemedien, déi pro Dag zwee Artikele publizéieren, kréien praktesch di selwecht Ënnerstëtzung wéi Wochen- oder kleng Dageszeitungen, déi ganz aner Grondkäschten hunn.

Am Virfeld vum Gesetz ass schonn eng Wochenzeitung – de Jeudi –  verschwonnen an eng Dageszeitung – de Journal – huet sech an e réngt Online-Format mutéiert, nodeems allerdéngs déi agespillte Redaktioun an d’Wüüst geschéckt gi war. Et besteet d’Gefor, datt weider Zeitunge mat dëser Reform an d’Hannertreffe geroden. Duerfir sinn déi direkt Betraffen, nämlech d’Journalist*innen, beonrouegt an entsat zugläich.

Beonrouegt, well d’Gesetz sech net mat de strukturelle Problemer vun der Medielandschaft auserneesetzt a just e Perimeter erweidert – gläichzäiteg awer d’Enveloppen net konsequent upasst.

Entsat, well trotz laange Méint, wärend deenen net um Gesetz geschafft gouf, hir Demande fir eng Entrevue net honoréiert gouf.

Dobäi wollten d’Journalist*innen just op d’Gefor, déi fir hire Statut entsteet, hiweisen. Déi eng oder aner Stellschrauf hätt dofir missen ugepasst ginn an déi versprache Reform vum Pressegesetz, déi d’Rechter a Flichte vun de Journalist*inne gestäerkt, an domadder och d’journalistesch Qualitéit gefërdert hätt, hätt missen duerchgezu ginn.

Dat fënnt béides elo net statt. Huet et wierklech missen esou kommen?

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #375 – Wéi hëtze mir an der Zukunft?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg...

POLITIK

Devoir de vigilance : Un lobbying si difficile à avouer

Le gouvernement a été ciblé par un groupe d’entreprises en majorité américaines pour tenter d’infléchir sa position européenne sur le devoir de vigilance des multinationales. Luc Frieden le reconnaît laborieusement, mais refuse de divulguer le nom des entreprises rencontrées par le gouvernement.