Carte Blanche op RTL: Overshoot Day – eng Sëlwermedail, op déi mer gär géife verzichten

von | 14.02.2022

Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf zu engem Exploit, dee Lëtzebuerg guer net gutt zu Gesiicht steet.

Haut op de 14. Februar feiert Lëtzebuerg eng zweete Plaz an engem Concours, fir deen et keen extra Communiqué vum Sportsminister wäert ginn. An d’Branding Spezialiste vu Luxembourg.lu freeë sech iwwer al Artikel, deen zu dësem Exploit an der internationaler Press net wäert erschéngen.

Gemengt ass natierlech den „Overshoot Day“: Den Dag am Joer, wou Lëtzebuerg esou vill Ressourcë verbraucht huet, wéi an 12 Méint um selwechten Territoire kënnen nohalteg erstallt ginn.

Ab deem Dag lieft eist Land also ze soen op Kredit – vu Ressourcen, déi soss an der Welt entstinn, oder déi sech historesch z.B. a Form Pëtrols- oder Gasfelder weltwäit ugesammelt hunn.

Elo kann een zwar beim beim Vainqueur vun där Course, dem Golfstaat Qatar, doriwwer witzelen, ob et onbedéngt noutwendeg ass grouss Futtballmatcher – deemnächst soll et jo eng ganz Futtballweltmeeschterschaft sinn – bei 45 Grad am Schied ofzehalen, an duerfir musse riseg Klimaanlagen a Betrib ze huelen.

Dat kann awer net driwwer ewech tréischten, datt Lëtzebuerg, och ouni sou Exzesser, schonn esou fréi am Joer de Buttek eigentlech nees misst zoumaachen, well de Stock op deem mir wirtschaften, ausverkaaft ass.

Anescht gelies bräicht et aacht Äerd-Planéiten fir Weltbevëlkerung nohalteg ze bewirtschaften, wann d’ganz Welt wéilt esou liewen, wéi mir hei zu Lëtzebuerg.

Den traurege Rekord kënnt op Grond vun engem statistesche Modell zustanen, dee fir all Länner vun der Welt op d’selwecht Aart a Weis ugewannt gëtt. An no dëser Berechnung si mer eben déi, déi als zweet, wéi schonns di Jore virdrun, den Dag dierfe begoen. Wat besonnesch opfält: Mir „feieren“ e ganze Mount méi fréi wéi e ganze Peloton vu groussen Industriestaaten wéi d’USA oder Kanada an dräi Méint virun eisen direkten Noperen Däitschland a Frankräich.

A wat et nach ze bedenke gëtt: Den Overshoot Day kënnt praktesch all Joer een Dag méi fréi. Eng Tendenz, déi weltwäit duerch d’Pandemie kuerz, awer just ganz kuerz, gebremst gouf.

Natierlech gëtt e standardiséierte statistesche Modell ni allen partikularen Aspekter gerecht.

Zu Lëtzebuerg gëtt traditionell mam Fändel vum Tanktourismus gewonk: Millioune vu Liter Bensin an Diesel ginn zu Lëtzebuerg zwar getankt, awer net u sengem Territoire verbraucht. Awer och ouni d’Zuelen aus dem Tanktourismus, wär Lëtzebuerg och weiderhi bei de Champione vum Overshoot Day. Den Nohaltegkeetsrot hat d’lescht Joer nogerechent, datt ouni Tanktourismus an änlech aussergewéinlech Effekter, eise Bedarf un Äerden ëmmer nach bei sechs géing leien.
An domadder wäre mer a beschter Gesellschaft, zum Beispill mat den USA, an nach ëmmer nach duebel esou héich wéi di erwäänte Noperen. Deemno musse mer eis also nach eppes méi afale loossen, wéi gratis ëffentlechen Transport, wa mer dësen Trend wëllen ëmkéieren.

Der Meco hat am Montag (14.2.2022) den diesjährigen Overshoot Day gebührend gefeiert.

 

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #368 – Umgehungsstrooss Niederkerschen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Zanter Jorzéngten gëtt zu Niederkerschen iwwer eng Umgehungsstrooss diskutéiert. Elo hält d’Regierung trotz staarker Kritik un de Pläng fest: D’Bauaarbechte sollen ufänken, nach éier e Geriicht iwwer eng ageleet Klo...

EKONOMI

Productivité : 114 euros de l’heure : champion, le Luxembourg

Le patronat sonne l’alarme : le Luxembourg est confronté à un problème de productivité, qui handicape sa compétitivité. Une affirmation fallacieuse, rétorque la Chambre des salariés (CSL) dans deux études qu’elle a consacrées au sujet en décembre. En la matière, le grand-duché affiche des performances qui le placent en tête de la classe...

KLIMAPODCAST

Am Bistro mat der woxx #367 – EU-Mercosur-Abkommen: Endspurt

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. No Joerzéngte vu Verhandlungen kéint d’EU-Mercosur-Abkommen elo séier Realitéit ginn. An enger geopolitësch ugespaanter Situatioun huet Italien seng Blockade opginn – domat ass eng qualifizéiert Majoritéit am EU-Rot...