Podcast: Am Bistro mat der woxx #043 – Den Doud vum Grand-Duc Jean

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

De Grand-Duc Jean ass dës Woch gestuerwen, an en huet et och op de Cover vun der woxx gepackt. Dëst allerdéngs net an der Form vun enger Foto, mä als Karikatur, déi allerdéngs zimlech subtil ass. Och den Editorial an der Print-woxx beschäftegt sech dës Woch mam Grand-Duc an dofir ass dëst och d’Thema vum Podcast.

De Joël Adami schwätzt mam Luc Caregari doriwwer, wisou de Grand-Duc Jean den 1. Staatsbeamte war a wéi seng Roll als Wirtschaftsdiplomat ze bewäerten ass, och am Hibléck op seng grouss Léift zur Natur, déi an deene leschten Deeg ëmmer nees betount ginn ass. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #042 – Wat ass Sexualassistenz a wisou ginn et sou vill ënnerschiddlech Meenungen dozou?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Kéier ass eist Thema direkt en duebelt Tabu: Et geet nämlech ëm Sexualitéit a Behënnerung. Fir Leit, déi wéinst enger Behënnerung net kënnen hir Sexualitéit ausliewen, gëtt et déi sougenannt Sexualassistenz. D‘Tessie Jakobs an de Joël Adami schwätzen doriwwer, wat dat ass, wat fir verschidden Zorten et gëtt a wien déi Persoune sinn, déi dat ubidden. Wat ass zum Beispill den Ënnerscheed tëscht passiver an aktiver Sexualassistenz?

Zu Lëtzebuerg gëtt et nach keng Reegelung fir d‘Sexualassistenz. An d‘Fro, wéi se soll gereegelt sinn, wéi eng Zorte sollten erlaabt sinn, ass ëmstridden. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #041 – D’Resultater vun de Sozialwahlen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch ass eis d‘Thema vun eisem Podcast d’Resultater vun de Sozialwahlen. De Joël Adami an de Richard Graf schwätzen doriwwer, wéisou den OGBL an deene Secteuren, déi traditionell dach éischter „Aarbechter*innen“-Secteure sinn, Stëmme verluer huet a wéisou d’ALEBA vläicht trotzdeem net onbedéngt hir Plaz am Finanzsecteur verléiere wäert.

Ausserdeem ënnersichen si dat schlecht perséinlecht Resultat vum André Roeltgen a kucken sech un, wat fir Grënn et dofir kéint ginn. De verfréite Generatiounswiessel am OGBL an d’Zukunftsperspektiven an den Dram vun der Eenheetsgewerkschaft si weider Themen. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #040 – Wat maache fir besser Loftqualitéit?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch ass den Thema vun eisem Podcast d‘Loftqualitéit. Doriwwer gouf et an deene leschte Wochen a Méint vill Diskussiounen. D‘Tessie Jakobs an de Joël Adami werfen e Bléck zeréck a kucken sech un, wéi grouss de Problem iwwerhaapt ass a wat dat fir Lëtzebuerg heescht.

Eng rezent Etüd vun der europäescher Ëmweltagence EEA huet zéng Stied begleet, fir ze kucken, wat fir Moossname se géint d‘Loftverschmotzung ënnerhuelen. Wat fir Lektioune ka Lëtzebuerg dorausser zéien a wou hapert et bei eis nach ëmmer, grad am Transportsecteur? mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #039 – Féck mech, net de Klima

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem oder zwee Artikelen.

Dës Woch ass um Cover vun der woxx ee Schëld vun der grousser „Youth for Climate„-Demo vum 15. Mäerz ze gesinn. Dat awer net, well mir eis nach eng Kéier mam Engagement vu Jonke géint de Klimawandel beschäftegen, mä well et grouss Opreegung an Diskussioune ronderëm de Sproch gouf, deen op dem Schëld stoung: Fuck Me, Not the Climate. Déi Diskussiounen an de „public shaming“ goungen sou wäit, datt déi jonk Fra, déi dat Schëld gedroen huet, hire Facebook-Account desaktivéiert huet. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #038 – Weltfraekampfdag

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem oder zwee Artikelen.

Dës Woch dréint sech passend zum 8. März am Podcast vun der woxx alles ronderëm de Weltfraekampfdag.

D’Tessie Jakobs, d’Isabel Spigarelli an de Joël Adami schwätzen engersäits iwwert déi medial Konsequenze vun der MeToo-Beweegung, déi mëttlerweil och a Serien a Filmer ze spiere sinn. Ee spezielle Genre sinn Dokumentatiounen iwwert sexuelle Mëssbrauch oder sexualiséiert Gewalt. Mä grad wann et ëm Stare wéi zum Beispill de R. Kelly geet, gëtt den Affer dacks net gegleeft.

Een Thema ass awer och d’Fro, wourunner et läit, datt deen Abus dacks net esou einfach ze erkennen ass an ausserdeem och doriwwer, wéisou de sougenannten Alldagssexismus och wéisst, datt den 8. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #037 – Klimaflüchtlingen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem oder zwee Artikelen.

Dës Woch ass an der Pabeier-Woxx ee klenge Fokus op Migratioun, passend vum Festival des Migrations, deen dëse Weekend an der Luxexpo um Kierchbierg iwwert d’Bühn geet. D’Thema vun der Woch am Podcast huet dann och domadder ze dinn, an zwar geet et ëm Klimaflüchtlingen, also Leit déi hir Heemescht musse wéinst Konsequenze vum Klimawandel verloossen.

D’Tessie Jakobs an de Joël Adami schwätzen doriwwer, ob den Ausdrock Klimaflüchtlingen ee gudde Begrëff ass, wat d’Haaptgrënn sinn, wéisou Leit flüchte mussen a wat ee Bericht fir d’Europäescht Parlament zu där Thematik ze soen hat. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #036 – Läichen am Keller vum MNHA an: Ass Autismus heelbar?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem oder zwee Artikelen.

Dës Woch geet et am Podcast vun der woxx engersäits iwwert d’Perquisitioun am MNHA an anersäits ëm d’Fro, wat fir Therapieforme fir Autismus ubruecht sinn.

Mam Luc Caregari schwätzt de Joël Adami doriwwer, wéi d’woxx op d’Spuer vun de „Läichen“ am Keller vum MNHA komm ass, wat fir Steng bei der Recherche am Wee louchen a wat déi Affär mat dem belsche Parquet ze dinn huet.

Eis zweet Thema ass d’Fro, ob een Autismus heele kann. Dat behaapten nämlech ëmmer erëm Leit, déi mat dem Versprieche Reklamm fir deier Therapië maachen. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #035 – Grouss Infrastrukturprojeten

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast een Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch schwätzt d’woxx an hirem Podcast iwwert déi 33 grouss Infrastrukturprojeten, iwwert déi d’Chamber een Dënschden ofgestëmmt huet. Dorënner waren Extensiounen vu Schoulen a Prisongen, mä virun allem Projeten am Beräich Transport. Dobäi ass net nëmmen den ëffentlechen Transport, deen ausgebaut gëtt, mä och ganz vill Stroossen an sougenannt „Umgehungsstrossen“, déi ausgebaut oder néi geplangt ginn. D’Isabel Spigarelli an de Joël Adami analyséieren d’Philosophie hannert den dynamischen Spuren an diskutéieren, ob wéi enge Plazen et Diskussiounsbedarf gouf – a vu wiem d’Oppositioun an deenen Dossieren koum. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #034 – Geflüchteter zu Lëtzebuerg

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem oder zwee Artikelen.

Dës Woch geet et am Podcast vun der woxx iwwert d’Situatioun vu Geflüchteten zu Lëtzebuerg.

E Méinden huet den Ausseminister Jean Asselborn de Bilan a puncto Asyl, Immigratioun an Accueil virgestallt. Mam Fréderic Braun geet Rieds doriwwer, wéisou et him wichteg erschéngt huet, verschidden Aspekter dovun a sengem Artikel opzegräifen. Dat wier zum Beispill de Fait, datt leschte Mount 284 Geflüchteter zu Lëtzebuerg ukomm sinn an déi domat verbonnen Angscht, datt 2019 e Rekordjoer vun der Migratioun zu Lëtzebuer kéint ginn. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #033 – Loftqualitéit an ee komesche Communiqué zur HPV-Impfung

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast een Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch stinn zwee kontrovers Themen um Menü vum Podcast vun der woxx: Engersäits d’Diskussioun ronderëm d’Loftqualitéit an d’Grenzwäerter, déi besonnesch an Däitschland lassgetrëppelt ginn ass. An anerersäits ass d’Impfung géint  HPV – déi duerch ee komesche Communiqué sollt promovéiert ginn – Thema.

Den däitsche Longendokter Dieter Köhler huet an Däitschland eng Diskussioun iwwert d’Sënnhaftegkeet iwwert Grenzwäerter vun de Loftschuedstoffer lassgetrëppelt. D’Isabel Spigarelli diskutéiert mam Joël Adami doriwwer, op Longendoktere wierklech déi Expert*inne sinn, déi ee fir dës Diskussioun brauch, wisou dat alles u Klimawandel-Leugner*innen denke léisst a wéi dës Diskussioun dann an der lëtzebuergescher Politik opgeholl ginn ass. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #032 – déi zwou helleg Kéi vu Lëtzebuerg: den Auto a Steierpolitik

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast een Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch geet et am Podcast vun der woxx iwwert zwee immens „lëtzebuergesch“ Themen: Engersäits d’Steierpolitik an anerersäits den Auto, méi genee den Autosfestival.

Bei der Steierpolitik ass et de Virstouss vun der Europäescher Kommissioun, fir zukünfteg net méi ee Konsens vun alle Länner ze brauchen, fir iwwer Steierfroen decidéieren ze kënnen, deen d’woxx beschäftegt huet. Am Moment brauch et fir esou Entscheedungen nämlech Unanimitéit. Mam Luc Caregari geet riets doriwwer, wéisou Lëtzebuerg dee Virschlag oflehnt. An dat, obwuel et an deene grousse Parteien net onbedéngt Eenegkeet doriwwer gëtt, ob dat esou sollt sinn. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #031 – Cybermobbing an Terrorübungen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast een Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch presentéieren de Fréderic Braun, de Luc Caregari an d’Isabel Spigarelli iech zwee Themen. Engersäits de Problem vum Cybermobbing. Wärend scho länger bekannt ass, datt Mobbing ee Problem a Schoulen, och zu Lëtzebuerg, ass, ginn et néi Elementer. Dëse Mobbing gëtt net nëmmen an der Schoul, mä och a soziale Medien oder per Messenger als sougenannte Cybermobbing praktizéiert, sou datt d’Affer kaum nach entkomme kënnen. D’woxx war an eng Schoul kucken, déi aus engem akute Fall eraus ee Projet dozou lancéiert huet. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #030 – Ass d’Flichtlektür zu Lëtzebuerg sexistesch?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast een Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Ass de Faust ze sexistesch, fir en op Premieren ze liesen? D’Organisatioun Voix de jeunes femmes huet am Dezember en oppene Bréif publizéiert, an deem si ugereegt huet, d’Flichtlektür op den ieweschte Klassen am Lycée ze iwwerdenken. D’Reaktiounen hunn deelweis vun Zensur geschwat. D’woxx huet sech mam Thema beschäftegt an als éischt emol erausfonnt, datt déi Debatt voller Mëssverständnesser ass. De Joël Adami an d’Isabel Spigarelli schwätzen haut iwwert dat Thema, an diskutéieren ënnert anerem doriwwer, wat déi gréisste Baustelle bei dëser Flichtlektür sinn, a mat wéi enge Mëttelen ee kéint eng aner, besser Literaturvermëttelung ugoen. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #029 – Algorithmen mat Viruerteeler

All Woch bidd d’woxx Iech an hirem Podcast een Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

No enger klenger Paus iwwert Feierdeeg ass d’woxx am néie Joer erëm do. Net nëmme mat enger Print-Editioun, mä och mat engem Podcast. Nieft engem Iwwerbléck iwwert déi aktuell Nummer schwätzen de Luc Caregari an de Joël Adami mir dës Woch iwwert de Phänome vum algorithmic bias, also Algorithmen, an deenen sech Viruerteeler verstoppen. Et gëtt erklärt, wéi dat zustane kënnt a wisou grad Machine Learning dovunner betraff ass. Nieft e puer Beispiller wéi deem vun Amazon, déi hirt Astellungsverfaaren duerch kënschtlech Intelligenz méi séier maachen wollten oder dem éisterräicheschen Arbeitsamt, kucke mir, wat dat fir déi  lëtzebuergesch Digitaliséierungsstrategie bedeit. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #028 – D’Resultater vun der Klimakonferenz

An där leschter Episod vu „Am Bistro mat der woxx“ an dësem Joer ass d’Thema d‘Klimakonferenz COP24 zu Katowice a Polen. Donieft schwätze mir awer och iwwert demokratesch Matbestëmmung vun Auslänner*innen, de Feminismus an de néien Numm vum Chancëgläichheetsministère, iwwert plakeg Leit am Internet a Filteren, déi géint se agesat ginn an iwwert d’Wënsch vun der woxx-Redaktioun zum néie Joer.

De Joël Adami an de Raymond Klein analyséieren d’Resultater vun där Konferenz, déi ganz ënnerschiddlech bewäert ginn. Si schwätzen iwwert Reaktioune vun ONGen an iwwert den Debat an der Chamber, dee vun der CSV ugefrot gi war. Ausserdeem gëtt d’Fro diskutéiert, ob et eng Méiglechkeet gëtt, fir sozial an ekologesch Gerechtegkeet ënnert een Hutt ze bréngen. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #027 – Gratis ëffentlechen Transport

All Woch bidd d’woxx Iech an hirem Podcast een Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch kucken de Luc Caregari an de Joël Adami sech eng Mesure aus dem Koalitiounsaccord un, déi fir vill Opreegung gesuergt huet: de gratis ëffentlechen Transport. Wat ass dovunner ze halen, datt de Premier Xavier Bettel dëst als Nationbranding verkafe wëll, an ass et iwwerhaapt eng sozial Moossnam? Wiem säi Wonsch gëtt dann do elo ëmgesat, nodeems déi Gréng sech am Wahlkampf éischter géint déi Iddi ausgeschwat hunn? Geschwat gëtt am Podcast awer och iwwert déi aner Mesuren, déi am Kader vun der Transportpolitik am Koalitiounsaccord sinn, wéi zum Beispill den Ausbau vun der Infrastruktur bei der Bunn, mä awer och déi sëlleche Contournementer, déi an dem Accord opgelëscht sinn. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #026 – De neie Koalitiounsaccord

All Woch bidd d’woxx Iech an hirem Podcast een Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch analyséiere Luc Caregari a Fréderic Braun an eisem Podcast den neie Koalitiounsaccord vun der Regierung tëscht DP, LSAP an Déi Gréng. Wat waren déi gréissten Iwwerraschungen, wat war ze erwaarden? Nieft deene groussen Theme wéi dem gratis ëffentlechen Transport an der Legaliséierung vu Cannabis analyséiere mir och déi nei mediepolitesch Linne vun der Regierung, déi dës Woch vereedegt gouf. Wéi ass et zum Beispill ze bewäerten, datt elo op eemol vun enger ëffentlech-rechtlecher Téléschaine geschwat gëtt?
Donieft ass awer och dat, wat am Koalitiounsaccord feelt, een Thema. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #025 – Geschlechtsspezifesch Gewalt

All Woch bidd d’woxx Iech an hirem Podcast een Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Thema vun der Woch ass d‘geschlechtsspezifesch Gewalt. D‘Orange Week, déi jo iwwert Gewalt géint Fraen opkläre wëll, huet bei munche fir Opreegung gesuergt, well si der Meenung sinn, datt Männer méi vu Gewalt betraff si wéi Fraen. Iwwert den Discours, deen tëscht Fakten, Éierlechkeet a festgefuerenen Denkmusteren osziliéiert, schwätzen de Joël Adami an d‘Isabel Spigarelli, déi sech an der woxx vun dësem Freiden domadder beschäftegt huet. Wéi ass d’Iddi fir dësen Artikel komm a wéi ass d’Isabel bei der Recherche virgaangen? mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #024 – Den technesche Grupp vu Piratepartei an ADR

All Woch präsentéiert d’woxx an der Emissioun Am Bistro mat der woxx een Réckbléck op déi läscht Woch an een Abléck an déi aktuell woxx.

Dës Woch schwätzt de Joël Adami iwwert d’Wanteraktioun, déi huet misste méi fréi opgemaach ginn, iwwert de Brexit, deen an der Chamber diskutéiert ginn ass, iwwer Gewalt géint Fraen, géint déi et eng Aktiounswoch gëtt an Airbnb zu Lëtzebuerg, dat Problemer fir de Wunnengsmaart bedeit. Ausserdeem hu mir eng néi Mataarbechterin, d‘Isabel Spigarelli, déi sech kuerz virstellt an doriwwer schwätzt, wéi hier éischt Aarbechtswoch bei der woxx war.

D‘Thema vun der Woch ass d‘Piratepartei an hir „technesch“ Zesummenaarbecht mat der ADR. mehr lesen / lire plus