Am Bistro mat der woxx #191 – Zwéngt den Digital Services Act déi grouss Internet-Plattformen an d’Knéien?

von | 06.05.2022

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Haassried an Desinformatioun sinn ee grousse Problem am Internet. Mat dem Digital Services Act wëll d’EU déi grouss Plattforme wéi Facebook oder Google dozou bréngen, besser ze moderéieren. Gläichzäiteg soll awer och dofir gesuergt ginn, datt de Moderatiounsprozess u sech méi transparent gëtt. Och bei dem Tracking fir d’Reklamme wäert et Ännerunge ginn. Am Podcast vun dëser Woch schwätze mir doriwwer, wat op d’Notzer*innen an d’Plattformen duer kënnt.

Den Artikel op woxx.lu liesen

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...