Podcast: Politesch aktiv, 1968 a 50 Joer duerno

Vu lénks no riets: Félix Bonne, 
Flo Weimerskirch, Milena Steinmetzer an de Joël Adami vun der woxx. Foto : Justin Turpel

Dir fannt hei d’Opname vun eiser Table Ronde „Politesch aktiv, 1968 a 50 Joer duerno“, déi d’woxx gemeinsam mam Radio Ara organiséiert huet. Doranner hu mir eis, wéi sou vill Leit, mam Mee 68 a sengen Nowierkunge beschäftegt. Mir wollten dobäi awer net just mat deene Leit schwätzen, déi „deemools“ dobäi waren, mä och mat Jonker, déi haut politesch aktiv sinn. Deelgeholl hunn: d’Flo Weimerskirch, d’Milena Steinmetzer (Jonk Lénk) an de Félix Bonne (Move.)

Nieft de Klischeeën, déi et iwwert d’68er*innen an déi Jonk ginn, hu mir eis mat véier groussen Themebléck beschäftegt: Mat der Fro, wéi a wisou ee politiséiert gëtt, mat der Fro vu Militanz a Radikalitéit, mat där politeschen Aktivismus ëmgesat gëtt, der Fro, wat fir Theme „deemools“ an haut wichteg sinn a mat der Zukunft vu politeschem Aktivismus zu Lëtzebuerg. mehr lesen / lire plus

Podcast: am Bistro mat der woxx #003

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. Dës Woch ginn de Luc Caregari an de Joël Adami een Abléck an d’woxx vun dëser Woch. Si schwätzen iwwert online-Artikelen zum Energie-Trilog vun EU, iwwert den Enn vum Luxleaks-Prozess an den ëmstriddene „Ekotourismus“-Projet zu Wäisswampech.

Aus der aktueller print-woxx gëtt den Edito zur Medienvielfalt an d’News zum Start vun der Wahlcampagne vun Déi Gréng kuerz virgestallt. D‘Thema vun der Woch sinn déi néi Panama-Papers. Déi éischte Kéier ass och eng lëtzebuergesch Zeitung am Rechercheverbond vun dem ICIJ, dem International Consortium of Investigative Journalists, mat dobäi – d‘woxx. mehr lesen / lire plus

Podcast: am Bistro mat der woxx #002

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. Dës Woch ginn de Richard Grad, de Frédéric Braun an de Joël Adami een Abléck an d’woxx vun dëser Woch. Si schwätzen iwwert online-Artikelen iwwer ee schwäizer Immobilienfonds zu Lëtzebuerg, deen net vill vun Demokratie hält, de séieren Tram op Esch-Belval an den Energie-Trilog op europäeschem Niveau.

Ausserdeem presentéieren si d’Print-woxx mam Edito iwwert de progressive Projet vun der Dräierkoalitioun, deen keen war, dat néit Unisgesetz, den Héichwaasserschutz am Zäitalter vum Klimawandel an aner Sujeten. D’Thema vun der Woch ass dann d‘Aweiung vum Monument zur Erënnerung un d’Shoa an déi jüddesch Communautéit zu Lëtzebuerg, déi immens onsiichtbar ass. mehr lesen / lire plus

Podcast: am Bistro mat der woxx #001

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. Dës Woch ginn d’Tessie Jakobs an de Joël Adami een Iwwerbléck iwwert de Contenu vun der woxx, zum Beispill den Edito iwwert déi rietspopulistesch ADR, een Iwwerbléck iwwert dat néi Déiereschutzgesetz an d’Diskussioun dozou an der Chamber oder awer och een Artikel, deen d’kolonial Amnesie vun der lëtzebuerger Geschichtsschreiwung behandelt.

D’Thema vun der Woch ass d’Insektenstierwen, dat am Kader vum Welt-Ëmweltdag elo och zu Lëtzebuerg thematiséiert gouf. Mir schwätzen ënnert anerem dorëms, wat Zen-Gäert mat doudege Béien ze dinn hunn a wat fir Mesuren ergraff ginn, fir d’Insekte besser ze schützen. mehr lesen / lire plus