Podcast: Am Bistro mat der woxx #125 – Drogen am Prisong

von | 18.12.2020

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch huet de Luc Caregari sech mat engem Thema beschäftegt, vun dem net dacks geschwat gëtt. Zwar wëssen déi meescht Leit, datt och am Prisong Droge konsuméiert ginn, mä wéi d’Situatioun genee ass, doriwwer gëtt wéineg geschwat. En néie Rapport vun der Ombudsman Claudia Monti ass op d’Situatioun agaangen an huet e puer Piste gewisen, wéi déi Situatioun verbessert kéint ginn. De Joël Adami an de Luc Caregari diskutéieren, wat d’Cannabis-Legalisierung mam Prisong ze dinn huet a wisou Spezial-Geriichter fir Drogenaffairen eng Léisung kéinte sinn.

 

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...