Podcast: Am Bistro mat der woxx #130 – Alles, wat dir iwwert #openlux wësse musst

von | 12.02.2021

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch huet d’Recherche #openlux d’Aktualitéit zu Lëtzebuerg dominéiert. Op een néits steet d’Finanzplaz an der Kritik, an dat wéinst Recherchë vun engem internationalen Team vu Journalist*innen. Dorënner och de Luc Caregari vun der woxx, deen an eisem Podcast dem Joël Adami Ried an Äntwert steet. Si schwätzen doriwwer, wat #OpenLux genee ass, wéi d’Recherche gaangen ass a wat de woxx-Journalist alles entdeckt huet. Dorënner ass net nëmmen d’Erkenntnis, datt Lëtzebuerg nach ëmmer ee Steierparadäis ass, mä och d’Firme vum Grand-Duc Henri, Connectioune mat der Mafia an d’Konzernkonstrukt, dat hannert Pornhub steet.

 

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #397 – Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze...