Chrëschtdagsgeschicht: Hypokrit

Am August hunn d’Sandy Heep an de Cosimo Suglia den Online-Fanzine „Aner Welten“ an d’Liewe geruff, fir spekulativ Fiktioun zu Lëtzebuerg ze fërderen. Lo deele si hir Geschicht „Hypokrit“ mat der woxx – eng aner Zort Chrëschtgeschicht.

„La Mort – Mon ironie depasse toutes les autres !” vum Odilon Redon (1840-1916). (Public Domain)

D’Mier war blo, wéi Javel, seet de Papp dem Laura. De Plastik huet sech mat den Alge gemëscht. D’Déieren drann hu sech weiderentwéckelt. D’Mier gouf rout, wéi Blutt. D’Jelliskäpp am Mier, seet de Papp, déi si mutéiert. Géint eis. D’Natur huet sech geännert. Si huet sech ugepasst.

„Net wéi de Mënsch”, seet de Papp, „de Mënsch hänkt un der Vergaangenheet. Hien ass a-historesch.”

De Mënsch ass den Doud.

Wat d’Laura dofir kann, weess hatt net, mee Angscht ass eppes, mat deem d’Laura opgewuess ass. Hatt kennt d’Welt dobaussen net. Hatt war nach ni am Onbekannten. Do, wou net nëmmen d’Weltmierer a Saier beendegt sinn, mee och d’Loft ze déck fir z’ootmen ass. Wou de Buedem toxesch ass, wou näischt méi wiisst.

„Den Honger gouf ze grouss”, sot de Papp. „Kee Kär konnt méi vu sech aus wuessen. An d’Hëllef – eis Hëllef – koum ze spéit. De Mënsch, jo deen, deen houng un der Vergaangenheet.”

De Kiewerlek ass u gëftege Blieder gevreckt. E louch um Panzer an ass leie bliwwen. D’Laura weess net, wat e Kiewerlek ass. Oder e Jelliskapp, Kär, Blieder. Virstelle kann hatt sech se, awer net ganz. Villes kennt hatt nëmmen duerch Biller. Biller, déi hatt an ugefaulte Bicher fënnt. Bicher, wéi d’Laura se ëmmer kannt huet.

Well dem Laura seng Welt ass de Bunker, a fir de Bunker ass d’Laura d’Welt.

„A firwat?“, freet de Papp. „Well dat dobaussen ass net schéin. Et ass ellen. Et ass faul.“

„A firwat?“, widderhëlt de Papp. „Well s du dobaussen net iwwerliewe géifs.“

Ob hatt dat iwwerhaapt wëll, liewen, iwwerliewen, dat freet keen d’Laura.

„Hypokrit“, äntwert hatt dem Papp.

Hie laacht a weist seng schwaarz Zänn. D’Laura weess, dass säi Papp sech selwer agespaart hat, deemools. De System war zerbrach. Eenzeler haten ze vill Kraaft. Et ass de Leit duer-
gaangen. De Kolli ass geplatzt. De Kolli ass explodéiert, wéi d’Héichhaiser vun de Banken.

„Dat war gutt“, seet de Papp. „Mee mir hunn näischt draus gemaach. D’Revolutioun ass eis duerch d’Hänn gefloss, wéi knaschtegt Waasser.“

Déi al Welt läit a Stécker. Just den Doud ass bliwwen: Den Doud, dee mécht keen Ënnerscheed. Dat ass och net seng Aufgab. Den Thanatos hëlt a gëtt net erëm. Déi puer, déi sech getraut hunn, a sech him wollten ent-
géint stellen, hu sech missen erginn. Hie fënnt se all. Hatt fënnt se all. Si fannen se all.

Gott ass dout.
Gott ass den Thanatos.

D’Famill trëfft sech an den ënner-
ierdesche Gäng; an deene klenge Raim steet hiren Altor. Gréng Flame geheie Schiet op raschteg, verduerwe Réier. Raten danze virun sech hin. Et sténkt, mee kee richt et. Hei fannen si sech all Owend zesummen. Si soe Merci. Se bieden; verneigen sech, déif, virun dem engen, grousse Gläichgewiicht, dem groussen Thanatos.

D’Laura ass an d’Famill gebuer 
ginn. D’Laura kennt just d’Famill. Hatt ass d’Famill. An awer spiert hatt, dass eppes net stëmmt. Hatt kuckt vun de Schieter ewech, kuckt riicht an d’Luucht. Hatt kuckt duerch den Agang a stellt sech d’Sonn wéi eng Käerz vir.

„Jidderee kuckt no sech selwer an dëser däischterer Welt“, seet de Papp. „Ausser d’Famill.“

„Hypokrit“, seet d’Laura.

Et ass eng grouss Famill, wéi mir se och kennen, a säi Papp, dat ass de Papp vun allen. Kee seet säi richtegen Numm, a jiddereen, deen en nach weess, weess och, dass et besser ass en net ze nennen, well d’Vergaangenheet ass futti – al Nimm si just Relikten. De Papp këmmert sech ëm se all. Hie verdeelt d’Iessen. Hien entscheet iwwer d’Aufgaben. Hie gesäit dech oder mech als Brudder oder Schwëster; Duechter oder Bouf; lieweg oder dout; Deel vun der Famill. De Papp decidéiert deng Positioun an der Famill— a keen hannerfreet dëse System. Wisou och?

D’Welt ass dout.
D’Welt ass den Thanatos.

„Hatt stellt ze vill Froen“, seet d’Tatta, déi déi iewescht Hallschent vum Gesiicht hannert engem schwaarze Foulard verstoppt huet. Ronderëm hiren Hals, eng Ketten aus donkel-
grénge Schanken. Et ass hire Bouf. Ee vun den onzielege Gebridder, déi d’Laura huet, hat.

„Hatt muss fort“, seet de Monni a weist mam Fanger op d’Laura. Mam mofen, ocker Fanger, deen sech opléist; d’Fleesch schmëlzt ënner dem Honger vun der Zäit. De Monni hëlt de Fanger an de Mond a suckelt drun.

„Hatt ass Thanatos“, seet de Bopi a bäisst enger Rat de Kapp of.

„Dir sidd Hypokritten“, seet d’Laura.

„Laura!“, bläert de Papp. D’Famill schreckt zeréck. Aus de Réier dréckt sech Gas duerch e Sputt. Rate jiipsen an de Maueren.

„Du weess ech hu Recht“, äntwert hatt.

„Du hues keng Anung. Hal dech zeréck.”

„Death” vum 
Teodors Ūders 
(1868-1915). (Public Domain)

„An du weess awer Bescheed? Du bass dach dee gréisste vun all den Hypokritten. Säit Jore verstoppt dir iech hei an deenen däischtere Gäng. Mir sinn hei gebuer. Ech fäerten dat wat ech net kennen a gläichzäiteg biede mir den Doud un?”, jäizt hatt.

Schweessdrëpse rullen dem Laura vun der Stier. Hatt ass net roueg; kann et einfach net sinn. D’Onrou frësst sech aus him eraus. Mee alles ëm et erëm ass elo roueg. Kee Krazen an de Réier, keen Houschten, kee wibbelt a kee suckelt un ale Schanken. Si all kucken op d’Laura, mat Empathie. Dat ass nei. Soss ass et Haass, Näid, Loscht. Net d’Empathie. Empathie gëtt et hei ënnen net. Se gëtt gespillt, virgegaukelt, verstoppt hanner gliesen Aen, déi dorops waarden ze konsuméieren, sech ze siedegen un dem Verloscht vun aneren.

„Du fäerts also net?”, freet de Papp. Säi Réck ass dem Laura zougedréint. Jiddereen dréint de Kapp wéi op Kommando zu him.

D’Laura huet mat allem gerechent, awer net mat esou enger geloossener Attitüd. De Papp dréint sech lues ëm. Säi Gesiicht gëtt dobäi fuerchtbar beliicht. Iergendwou am Gank zischt eent vun den ale Réier virun sech hin a brécht ee Moment laang den Drock.

„Nee”, äntwert d’Laura. Hatt zitt seng Schëlleren no hannen, a versicht sech domadder méi grouss ze maachen. „Nee, a weess de firwat net? Well et net méi schlëmm ka sinn, wei hei am Däischteren ze versaueren. Dir hutt dach vergiess, wéi et dobaussen ausgesäit! Dir erzielt vun Dreem, vum Doud, mee sidd ze liddereg, fir no deenen ze gräifen.”

„Verschwann”, seet de Papp dréchen. „Verschwann dann; da gei a kuck der et un; kuck an otem a friess, mee denk un eis dobäi, Laura. Mir hunn dech gewarnt Laura. Du wëlls et esou, Laura.” Hie laacht, seng schwaarz Zänn si wéi Ueleg an engem Pull. „Looss den Thanatos dech huelen.”

„Dir sidd Hypokritten”, seet d’Laura.

Hatt kuckt ronderëm. Jidderengem schéngt et egal ze sinn, dass de Papp grad sot, hatt soll verschwannen. De Monni laacht just dreckeg, d’Tatta laacht nach méi dreckeg. De Brudder lutscht un enger Hand. D’Zäit steet. D’Laura kuckt säi Papp un. Hatt laacht am dreckegsten.

„Thanatos”, dauscht et aus dem Laura sengem Mond. „Thanatos, dat sinn ech”, seet hatt. „Verstoppte Raten a Betongshiele sidd der. Dir biet mech un; fäert den Dag, iergendwann sidd dir selwer drun. Dir sidd Hypokritten. Ech sinn Thanatos.”

De Papp laacht net méi. Lues dréi-
nen sech d‘Käpp vun der Famill an d’Richtung vum Laura. Pupille leeën sech op et nidder. Déi selwecht Form vu Pupillen, déi soss am grénge Schiet vun de Käerzen op de Papp gekuckt hunn.

„Scheeke vu Mënschen, näischt méi wéi verluere Geeschter an de Katakombe vun der Vergaangenheet”, seet d’Laura. Hatt fléisst eriwwer, schläift Schrëtt fir Schrëtt. Hatt gëtt méi grouss, méi masseg. D’Pupillen zéien hatt an d’Luucht, ëmmer méi héich, a si loossen de Papp lass, an hie fält, gräift a seent sech no de Blécker. Blécker déi him Kraaft a Muecht ginn hunn. Blécker déi duerch seng Oderen a Knachen an Zänn gefloss sinn. Éiweg Energie. Éiwegt Liewen. D’Laura steet viru sengem Papp: Hatt ass gigantesch.

„Gott ass Doud. Héiers de Pappa. Gott ass dout. Gott ass Thanatos,” seet d’Laura. „Ech sinn Thanatos, Pappa. Bass de net stolz op mech, Pappa? Ech sinn Doud. Ech gi Gott”, bläert hatt.

Déi ganz Famill läit op de Knéien a bied hatt un.

„Mir sinn Hypokritten”, seet de Papp.

D’Laura gëtt de Code fir d’Bunker-
dier an. 666 – dem Laura seng Nummer. D’Nummer vun der Éiwegkeet. Klick, geet et. D’Luucht vun dobausse schneit duerch dat Däischtert, ass der Natur hire Skalpell. Et brennt, deet wéi, dem Laura seng Irisse verbléien. E Gemësch vu Faarwe schmëlzt dem Laura entgéint. D’Loft, déi hatt fëllt, ass onbekannt, seng Longe schaffen, wéi se dat nach ni an hirem Liewe gemaach hunn. Net wéi hatt e Bëbee war. Net wéi hatt e Kand, Teenager, Erwuessene war – mee elo, un deem Dag, wou d’Laura stierft.

Wou hatt wéi e Gott gëtt.

Wou hatt Thanatos gëtt.

Hatt steet am Waasser. Onendlech vill Waasser. Iwwer sengem Kapp eng Käerz, déi alles erliicht.

„D’Sonn”, seet hatt.

Hatt trëppelt duerch d’Waasser, vreckt de Widderstand vum Floss, seng eegen, kleng Revolutioun. Am Waasser schwiewe ronn, duerchsiichteg Kreaturen, déi eng rout Spuer hannerloossen.

„Jelliskäpp”, seet hatt.

Laanscht seng Ouere fléien nach méi kléng Kreaturen. Donkel, schwaarz, se glänzen ënner der Sonnekäerz.

„Kiewerlek”, seet hatt.

Dem Laura seng Been léisen sech op, mee hatt trëppelt weider. Well et esou muss sinn. Kee kann hatt stoppen; hatt ass selbstänneg, hatt ass sech selwer, wech vun der Famill, vum Papp.

D’Saier vun de Jelliskäpp schläicht 
sech säi Kierper erop. D’Fleesch schmëlzt fort. Ausser d’Schanken, well déi, déi gehéieren der Äerd – se freet hire Kalzium zeréck; brauch dësen, fir dat wat duerno kënnt.

Duerno, wann d’Laura net méi do ass.

Duerno, wéi den Duerno vum Laura, deen dem Thanatos gehéiert.

„Hypokritten”, seet hatt a kuckt an d’Sonn, laacht.

D’Laura ass dout.
D’Laura ass Thanatos.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.