Am Bistro mat der woxx #362 – D’COP30 ass eriwwer – eis Bilanz

von | 28.11.2025

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Bei der 30. Klimakonferenz am brasilianesche Belém gouf vill erwaart – an d’Enttäuschung war um Enn entspriechend grouss. Chaotesch Verhandlungen, eng ëmmer méi dominant Fossillobby an en Ofschlusstext, deen sech op dat absolut Minimum beschränkt. Dobäi war et grad eng COP, déi Raum fir Protest, Diversitéit an eng staark Stëmm vun indigenen Communautéiten hätte bidden. Trotz e puer klengen Erfolleger bleift vill onsécher: keen kloeren Ausstieg aus de fossillen Energien, kee Fortschrëtt beim Waldschutz an eng ganz EU, déi sech selwer blockéiert.
Iwwer d’Konferenz, hir symbolesch Momenter, politesch Duercherneen an déi vill verpassten Chancen schwätzen de Joël Adami an d’María Elorza Saralegui an dëser Episod.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Armut: Auf Zehenspitzen ums Feuer

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #370 – Wéi Fraen am Prisong duebel bestrooft ginn

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Een neie Rapport vum Ombudsman wéist op een néits, datt Fraen zu Lëtzebuerg am Prisong weiderhin ongläich behandelt ginn. Dat läit engersäits dorunner, datt d'Untersuchungshaft an déi Verurteelt net getrennt sinn, mä...

ËMWELTNEWS

Schneewittchen-Äpfel gefällig?

Eine europaweite Analyse der NGO „Pan Europe“ hat Pestizidrückstände in 93 Prozent der getesteten Äpfel gefunden. Insgesamt wurden 59 Proben aus 13 Ländern entnommen, darunter auch von drei Äpfel aus konventionellem Anbau in Luxemburg. Die Mehrheit enthielt dabei Rückstände mehrerer Pflanzenschutzmittel. Hier ist das Großherzogtum laut dem am...