All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Ee Bericht vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot wéist op schlëmm Conditiounen an de Strukturen, déi Flüchtlingen zu Lëtzebuerg ophuelen, hin. D’woxx-Journalistin María Elorza konnt de Bericht liesen, an och aner Dokumenter, wéi zum Beispill Fotoen, gesinn. Do ass ze gesinn, datt d’Liewenskonditiounen an deene Strukture schlëmm sinn, sou ginn et ganz onhygieenesch Sanitäranlagen, mä awer och Problemer mat der Sécherheet a quasi keng Privatsphär. Am Podcast erkläert d’María Elorza, wisou déi Conditiounen net de Standarde vun der EU entspriechen a wien am Fong zoustänneg ass, fir déi Strukturen ze iwwerpréiwen. mehr lesen / lire plus