Podcast: am Bistro mat der woxx #002

von | 15.06.2018

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. Dës Woch ginn de Richard Grad, de Frédéric Braun an de Joël Adami een Abléck an d’woxx vun dëser Woch. Si schwätzen iwwert online-Artikelen iwwer ee schwäizer Immobilienfonds zu Lëtzebuerg, deen net vill vun Demokratie hält, de séieren Tram op Esch-Belval an den Energie-Trilog op europäeschem Niveau.

Ausserdeem presentéieren si d’Print-woxx mam Edito iwwert de progressive Projet vun der Dräierkoalitioun, deen keen war, dat néit Unisgesetz, den Héichwaasserschutz am Zäitalter vum Klimawandel an aner Sujeten. D’Thema vun der Woch ass dann d‘Aweiung vum Monument zur Erënnerung un d’Shoa an déi jüddesch Communautéit zu Lëtzebuerg, déi immens onsiichtbar ass. wwert d’Approche an d’Grënn vun där Onsiichtbarkeet ass och rieds.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #375 – Wéi hëtze mir an der Zukunft?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #373 – Geschlechtersensibel behandelen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Laang Zäit gouf de männleche Kierper als medezinesche Standart ugesinn – an dat mat konkrete Konsequenzen: Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a...