Podcast: am Bistro mat der woxx #003

von | 22.06.2018

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. Dës Woch ginn de Luc Caregari an de Joël Adami een Abléck an d’woxx vun dëser Woch. Si schwätzen iwwert online-Artikelen zum Energie-Trilog vun EU, iwwert den Enn vum Luxleaks-Prozess an den ëmstriddene „Ekotourismus“-Projet zu Wäisswampech.

Aus der aktueller print-woxx gëtt den Edito zur Medienvielfalt an d’News zum Start vun der Wahlcampagne vun Déi Gréng kuerz virgestallt. D‘Thema vun der Woch sinn déi néi Panama-Papers. Déi éischte Kéier ass och eng lëtzebuergesch Zeitung am Rechercheverbond vun dem ICIJ, dem International Consortium of Investigative Journalists, mat dobäi – d‘woxx. De Luc Caregari erkläert, wéi hie bei der Recherche virgaangen ass, wat no deenen éischte Panama Papers geschitt ass a wéi déi lëtzebuergesch Banken involvéiert waren.

 

 

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #375 – Wéi hëtze mir an der Zukunft?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #373 – Geschlechtersensibel behandelen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Laang Zäit gouf de männleche Kierper als medezinesche Standart ugesinn – an dat mat konkrete Konsequenzen: Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a...