Podcast: Am Bistro mat der woxx #019 – Den IPCC an d’Klimapolitik

von | 12.10.2018

All Woch zielt d’woxx-Redaktioun an hirem Podcast, wat se dës Woch online an am print beschäftegt huet.

Dat waren zu engem groussen Deel natierlech d‘Wale vun dësem Sonnden, eng Fake-Ëmfro, mä awer och ee weideren Extrait aus de Panama-Papers an d’Klimapolitik, déi eist Thema vun der Woch ass.

De Joël Adami an de Raymond Klein diskutéieren iwwer de neiste Rapport vum UN-Klimarot IPCC, deen d’Konsequenze vun enger Erwiermung op 1,5 Grad beschreift. Ass et iwwerhaapt nach méiglech, dëst Zil ze erreechen a wat misst politesch dofir passéieren?

Si beschwätzen d’Presentatioun vum Bericht, déi zu Lëtzebuerg vum Ëmweltministère organiséiert ginn ass, analyséieren d’Resultater vum EU-Ëmweltminister*innentreffen a spekuléieren, wéi et no de Wahle mat der Klimapolitik zu Lëtzebuerg kéint virugoen.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #373 – Geschlechtersensibel behandelen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Laang Zäit gouf de männleche Kierper als medezinesche Standart ugesinn – an dat mat konkrete Konsequenzen: Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #370 – Wéi Fraen am Prisong duebel bestrooft ginn

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Een neie Rapport vum Ombudsman wéist op een néits, datt Fraen zu Lëtzebuerg am Prisong weiderhin ongläich behandelt ginn. Dat läit engersäits dorunner, datt d'Untersuchungshaft an déi Verurteelt net getrennt sinn, mä...