Podcast: Am Bistro mat der woxx #024 – Den technesche Grupp vu Piratepartei an ADR

von | 23.11.2018

All Woch präsentéiert d’woxx an der Emissioun Am Bistro mat der woxx een Réckbléck op déi läscht Woch an een Abléck an déi aktuell woxx.

Dës Woch schwätzt de Joël Adami iwwert d’Wanteraktioun, déi huet misste méi fréi opgemaach ginn, iwwert de Brexit, deen an der Chamber diskutéiert ginn ass, iwwer Gewalt géint Fraen, géint déi et eng Aktiounswoch gëtt an Airbnb zu Lëtzebuerg, dat Problemer fir de Wunnengsmaart bedeit. Ausserdeem hu mir eng néi Mataarbechterin, d‘Isabel Spigarelli, déi sech kuerz virstellt an doriwwer schwätzt, wéi hier éischt Aarbechtswoch bei der woxx war.

D‘Thema vun der Woch ass d‘Piratepartei an hir „technesch“ Zesummenaarbecht mat der ADR. Obwuel et virun engem Mount nach geheescht huet „Mir bleiwen eng sensibilité politique“, ass elo bekannt ginn, datt d’Piratepartei mat der rietspopulistescher ADR zesummeschafft, an zwar am Kader vun engem technesche Grupp. D’woxx-Journalist*inne Joël Adami an Isabel Spigarelli schwätzen doriwwer, wat dat heescht an datt dat och bannent der Partei net immens gutt opgeholl ginn ass.

D‘ mp3 eroflueden.
De Podcast abonnéieren: mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

ËMWELTPODCAST

Am Bistro mat der woxx #376 – Directive de la vigilance

Chaque semaine, le podcast de la woxx vous offre un regard en coulisses sur notre travail journalistique et explore les enjeux derrière nos articles. Cette semaine-ci, les journalistes Fabien Grasser et María Elorza Saralegui se centrent sur une directive européene concernant le devoir de vigilance. Considérablement affaiblie lors des...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #375 – Wéi hëtze mir an der Zukunft?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg...