Podcast: Am Bistro mat der woxx #155 – Wat ass OpenStreetMap?

von | 20.08.2021

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Déi aktuellst an detailléiertst Kaart vun der Welt. Mat deene Wierder beschreift sech de Projet OpenStreetMap selwer. Am Podcast schwätzen de Joël Adami an d‘Tessie Jakobs dës Woch doriwwer, ob dës Beschreiwung zoutrëfft an wat d’Vir- an d’Nodeeler vun der „Wikipedia vun der Kaarten“ sinn. Ausserdeem gitt dir gewuer, wéi mat ëmstriddene Grenzen ëmgaange gëtt.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...