Samuel Hamen : V wéi vreckt, W wéi Vitess

von | 20.03.2018

Dem Samuel Hamen seng éischt Erzielung beweist, datt een net muss en ale Granzert si, fir béis a granzeg lëtzebuergesch Literatur ze schreiwen.

Et schéngt e Fluch op der lëtzebuergescher Literatur ze léien: Vu lauter Äifer an hirer Mammesprooch ze schreiwen, vergiesse vill Schrëftsteller*innen, datt se och nach e Schluss fir hir Geschicht musse fannen. Dat gëllt och fir „V wéi vreckt W wéi Vitess“ vum Samuel Hamen. Mee dat ass dann awer och quasi dat Eenzegt, wat een dësem Buch ka virgeheien.

Den Auteur geet nawell zimlech gerass vir, fir säi Wierk an der heiteger Literaturlandschaft anzebrennen. Dat andeems en aner bekannte Schrëftsteller*innen einfach abënnt: Sou emmerdéiert den Haaptpersonnage ëmmer nees de Guy Helminger iwwer Voicemail, versteet näischt vum Tullio Forgiarini sengem Franséisch a probéiert sech net virun der Claudine Muno (Uff! Eng Fra!) ze blaméieren. Den Devid Risch ass nämlech sou eng Perséinlechkeet, déi sëlwer gäre Schrëftsteller wär, op jidde Fall bilt e sech dat an. An dat ass beileiwen net dat Eenzegt, wat sech dee komesche Vull alles an de Kapp setzt.

D’Lieser*in suivéiert hien duerch e puer Sessioune bei sengem Psychiater um Lampertsbierg (wou een sech och d’Fro stellt, op sech hannert dem Dr. Coster net och e reelle Personnage verstoppt), déi hien tëscht iwwerméissegem Alkoholkonsum, de Léit op d’Schlappe goen a Selbstbematleedeedung méi oder manner gutt absolvéiert.

Hien huet massiv Problemer Realitéit a Fiktioun auserneen ze halen a kritt et net hin éierlech mat sech oder sengem Dokter – vun deem e virun allem Psychopharmaka well – ze sinn. Dat bréngt eng méi tragesch wéi komesch Biographie op de Plang, déi sech a senge lëschtegen Tirade géint d’Mënschheet, an d’Lëtzebuerger virun allem, spigelen.

Vum Stil hier, probéiert de Samuel Hamen därbaants al lëtzebuergesch Wierder nees zum Liewen ze erwächen, wat heiansdo ganz gutt geléngt, vun Zäit zur Zäit awer  de Liesflow nawell zimlech kann ënnerdrécken.

Mam Devid Risch ass op jidde Fall e weidere lëtzebuergeschen Anti-Held opgetaucht, deen duerch säi Veruechte vun der lëtzebuergescher Mediokritéit (zu där e sëlwer bäidreet a gehéiert) all de linguistiko-identitäre Sproochmatessen, déi elo a Virwahl-Zäite wéi gëfteg Champignonen aus dem Buedem spréissen, kräfteg op d’Schong seecht. An deem Sënn: Wëllkomm! Mir freeën eis op dat nächst Buch!

V wéi vreckt, W wéi Vitess ass bei Editions Binsfeld erauskomm.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #370 – Wéi Fraen am Prisong duebel bestrooft ginn

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Een neie Rapport vum Ombudsman wéist op een néits, datt Fraen zu Lëtzebuerg am Prisong weiderhin ongläich behandelt ginn. Dat läit engersäits dorunner, datt d'Untersuchungshaft an déi Verurteelt net getrennt sinn, mä...

KULTURTIPP

Buchtipp: Wenn die Welt brennt

Fiona Sironics Debütroman „Am Samstag gehen die Mädchen in den Wald und jagen Sachen in die Luft“ ist in einer Zukunft angesiedelt, die unserer Gegenwart vielleicht näher ist, als wir es wahrhaben wollen.

KULTURTIPP

Expotipp: Theatre of Cruelty

Das monotone, disharmonische Klaviergeklimper im Treppenaufgang zu den Ausstellungsräumen signalisiert den Besucher*innen bereits: Das hier wird unangenehm. Der durch dunkle Vorhänge abgetrennte Hauptsaal führt in die Welt der Grausamkeit des französischen Künstlers Antonin Artaud (1896–1948), der in der Mitte des 20. Jahrhunderts eine...