All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Den Ernährungsrot sollt een Instrument sinn, datt et erlaabt, datt déi vill verschidden Acteuren aus dem Ernährungs- an Agrarsecteur sech un een Dësch setzen an zesumme Léisunge sichen. Dobäi sollten och Bierger*innen mat agebonne sinn. D’ONG Cell schléit allerdéngs Alarm: Vun hirer ursprénglecher Iddi wier beim Virschlag vum Landwirtschaftsministère net méi vill iwwreg bliwwen. Dat huet laut woxx-Recherchen zu Spannungen an der Koalitioun gefouert. Am Podcast schwätzt dës Woch de Joël Adami mam Tessie Jakobs iwwert Hannergrënn.
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus