All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
D’Transparenzregëster huet dës Woch fir Diskussioune gesuergt, ënnert anerem och, well d’CSV an d’DP nach net mam aktuelle Virschlag averstane sinn. De Joël Adami schwätzt dës Woch mam Luc Caregari iwwert Problemer, déi den Text huet. De woxx-Journalist erkläert, wat d’Schwaachstellen dovunner sinn. D’Parlament wäert mat engem interne Reglement just sech selwer Reegele ginn, d’Regierung an héich Beamt*inne sinn dovunner net getraff. Am Podcast beschreift d’woxx, wisou dat net vir genuch Transparenz suergt a wat dat fir d’Reputatioun vum Land heescht. mehr lesen / lire plus