ANDY BAUSCH: La revanche des chômeurs

Well den Andy Bausch beim „Club des Chômeurs“ Xenophobie virgeworf krut, mécht en elo bei „La revanche“ op Multikulti. Dat mécht nach kee gudde Film draus.

Net de Johnny Chicago, mee de Geronimo am Trainingskostüm: Den Thierry Van Werveke gëtt am Andy Bausch senger „Revanche“ net richteg eens, net mam Foussball an och net mat de Fraen.

„Du ale verhouerte Sak“ – Ass dat net e coole Sproch? Abee, deen an nach anerer aus dem Andy Bausch sengem neiesten „Chädöver“ kënnt der iech elo vun der RTL-Homepage erof op är Computertasten setzen – an äre Chef domat nerven zum Beispill. „Gäil, hä?“ Ongeféier sou gäil wéi de ganze Film.

Man nehme: Foussball, Cabaretromantik, Mafia, eng Rei soi-disant Sex-Szenen, eng Grimmel Fraefeindlechkeet an eng absolut mickreg Story, a scho lafen d’Lëtzebuerger nees an de Kino. Am „Land“ zéckt de Peter Feist net, vun engem „Meilenstein auf dem Weg zur Europäisierung des Luxemburger Films“ ze schwätzen.

D’Story ass ganz schnell gezielt: D’Chômeuren aus dem Club vum éischte Film hu sech etabléiert. Ee vun hinnen – de Jerôme – schafft elo selwer beim Aarbechtsamt, bedreiwt awer niewebäi och nach e Cabaret. Hie kënnt op déi glorräich Iddi, d’Lëtzebuerger Footballs-Misär ze stoppen, andeems en eng Equipe mat e lauter Football-Staren op d’Bee setzt, déi et am Ausland ze kafe gëtt. Seng Kollegen, déi sech owes bei der Téik vu sengem Cabaret treffen, paken eng Hand un, fir Investisseuren ze fannen. D’Cabaretsmadammen liwweren dobäi „leichtbeschürzt“ den Dekor. Dem Jérôme seng Fra fënnt dat alles net esou witzeg, a well hien si „net méi upeekt“, geet si mol kuerz friem.

Déi Geschicht liwwert dann d’Geleeënheet, fir d’Honnertst aalbekannte Klischeeën ze beméien, woubäi ni kloer ass, ob den Andy Bausch dat nëmme mécht, well et gutt ukënnt, oder et och nach selwer witzeg fënnt – wahrscheinlech di zwee. Zum Beispill: Eng Fra seet meeschtens nee, mengt awer jo. D’Lëtzebuerger kënnen (nach ëmmer) net propper Franséisch schwätzen. D’Preise sinn Dreckssäck. D’Staatsbeamte schaffen näischt. Am Cabaret ass alles fein, et ass am Fong en Tempel vun der Völkerverstännegung, an d’Jonge brauchen dat einfach. Ee vun hinne bestiit souguer eng Cabarets-Artistin a rett se domadder virun der Ausweisung. Wat feelt nach? A jo, de Paschtouer am Cabaret, höhö.

Subtilitéit ass net dem Andy Bausch seng Stäerkt, dat beweist en no „Troublemaker“ a „Club des Chômeurs“ hei op en Neits. D’selwecht onsubtil ass säi Versuch, un de Kultstatus unzeknäppen, deen dës zwee Filmer bei engem gewësse Publikum genéissen. Mä och handwierklech ass „La revanche“ schwaach, an dat bei engem Regisseur, deen an Däitschland als Profi schafft – mä do léisst e meeschtens
d’Fangere vum Schreiwen. E konfuse Szenario, eng Hällewull vu Personnagen, déi d’Story iwwerlueden, an zimlech vill Längte suergen dofir, dass een de Film emol net als kleng Komedie ka genéissen. Dat eenzegt, wat gutt eriwwer kënnt, ass d’Filmmusek vum Serge Tonnar, an déi eng oder aner schauspilleresch Leeschtung, wéi déi vum Änder Jung oder vum Sascha Ley. Si wierken awer scho bal deplacéiert an engem Film, dee wéi e verlängerten „La Luxembourgeoise“-Spot dohier kënnt.

Eent ass sécher: Den Andy Bausch a säi Publikum passen zesumme wéi d’Fauscht op d’A. Hie produzéiert déi Spréch, déi verschidde Lëtzebuerger gär héieren an och selwer zielen. An dat Bild vu sech, wat se gären hätten: Gutt am Soff mä soss net uerg. Hie veréiwegt domadder awer just Stereotypen, amplaz en authentëscht Bild vun der Realitéit ze bréngen, wéi et déi englesch Sozialkomedien oft fäerdeg bréngen. Am éischte Film wor et de Message: „D’Chômeure wëllen iwwerhaapt net schaffen.“ Dat huet anscheinend kee gestéiert, dogéint ass dem „Club des Chômeurs“ Auslännerfeindlechkeet virgehäit ginn, an dat fënnt den Andy wuel och net cool. Duerfir gëtt sech elo an der „Revanche“ revanchéiert, andeems e Beur, eng Brasilianerin an eng Ukrainerin optrieden, an et gëtt souguer d’Gespenst vun der Groussregioun beméit. Dat verhënnert awer net, dass hei genee sou platt Messagen eriwwerkommen, déi Kéier eben iwwer „richteg Männer“ a „richteg Fraen“. De Scoop vum Film ass dann, dass d’Fraen dem Jérôme säi Foussballsclub retten. Mä awer net, well, wéi mëttlerweil all Kand weess, Fraen och gutt Football spille kënnen. Neen, op déi gutt al Method, mat de „Waffen der Frau“.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.