CHRISTOPHE WAGNER: Doheem

Eng Skizz éischter wéi en détailléierte Bilan iwwert d’Opfänkstrukturen fir Jugendlecher ass dem Christophe Wagner säin Dokumentär „Doheem“.

„Heiansdo denken ech, si musse mech iergendwou fonnt hunn“, seet de Steve, „vläicht zu Detrot.“ Wann den 18-Jähregen, dee schonn eng laang Heimkarriär hannert sech huet, sech eng Famill kinnt eraussichen, da wäer e gäer e Brudder vum Eminem. Säin Zëmmer am Foyer zu Bettenduerf hänkt voller Pousteren vum amerikanesche Rapper. „Dat sinn hir männlech Virbiller“, stellt den Erzéier e bësse resignéiert fest. De Steve huet déi selwecht gebleechten Hoer an dee selwechte Bandana ënnert der Baseballskap.

D’Manéier, wéi de Regisseur Christophe Wagner an „Doheem“ deene Jonken hir Kandheetsfilmer asetzt, erënnert tatsächlech e bessen un dem Marshall Mathers säi leschte Clip „Mockingbird“. Mee do wou den Eminem d’Selbstmatleed clever vermaart, brengt de Christophe Wagner et tatsächlech fäerdeg, authentesch Stécker Liewen ze weisen, ouni se zevill z’inszenéie1ren.

„Doheem“ ass keen Dokumentarfilm am Sënn vun enger Serie wéi „3°“ zum Beispill. En erklärt näischt, bedreiwt keng Ursaachefuerschung – a wann dann nëmme ganz virsiichteg. Wann de Steve al Familljefilmer kuckt, dann erënnert hie sech un déi Zäit, wou nach alles an der Rei war. Säi Papp hat opgehale mat Drénken wou de
Steve op d’Welt koum. „Hie wollt ëmmer e Bouf hunn.“ Bis iergend eng Kéier d’Sucht hien awer erëm ageholl huet. Vill Froen bleiwen op. Ass de Jong dowéinst ofgerutscht – fir d’éischt zu Dräibuer an dann am Foyer geland? Iwwert déi eenzel Statiounen a sengem Liewen kritt een ni de richtegen Iwwerbléck. Genee esou wéineg, wéi ee versteet, firwat de Kevin, en anere Jong, d’Kéier net kritt, obwuel seng Mamm a seng Geschwëster sech offensichtlech ëm hie beméien.

Eng Erklärung, firwat dem Christophe Wagner säi Film sou fragmentaresch bleiwt, ass, datt hien d’Anonymitéit vun den nach mannerjährege Jonken huet misse garantéieren. De Steve, deen am Foyer seng 18 Joer gefeiert huet, huet dem Regisseur d’Erlaabnis ginn, fir à découvert gefilmt ze ginn. Hie kann de Foyer lo verloossen, all Inscriptiounen ginn aus sengem Casier geläscht – hie kritt eng zweet Chance a schéngt se wëllen ze notzen. Zeréck bei d’Famill kann en net, well déi gëtt et u sech net méi. Dofir wëllt hie mat der Frëndinn zesummeplënneren, an dann: de beschte Bäcker vun der Welt ginn. Et sollt net sinn – am Ofspann gëtt ee gewuer, datt e seng Léier ofgebrach huet an zeréck bei seng Mamm an d’Frankräich ass.

Och de Kevin fënnt um Enn net wierklech de Wee eraus aus der Kriminalitéit. Den Erzéier zitt eng éischter fatalistesch Konklusioun: Si kënnen nëmmen hoffen, de Jongen d’Fähegkeet mat op de Wee ze ginn, fir spéider den Alldag ze meeschteren. „All Dag opzestoen an op d’Aarbecht ze goen.“

Am Film schéngt et e bëssen wéi wann et eng Fatalitéit wäer, ob een et packt oder net. D’Fro, ob den Encadrement zu Lëtzebuerg wierklech adequat ass fir déi vill verschidde Fäll, gëtt zwar opgeworf, mee net beäntwert. Als Geigebeispill gëtt dat däitscht Internat Henneberg gewisen, wou och vill Lëtzebuerger placéiert ginn. Do stinn d’Besoinen vum Eenzelnen méi am Vierdergrond, déi Jonk kënnen eng Léier maachen, si ginn net fir d’éischt einfach mol aus der Gesellschaft erausgeholl.

Als Aussestehenden ass een nodeems een „Doheem“ gesinn huet, méi duerchernee wéi virdrun. Dräibuer, Schrasseg, Foyer d’Accueil – wat ass wat, a wie gëtt woufir wouhinner placéiert? Den Dokumentär ass éischter poetesch wéi polemesch. Wann en och déi wichtegst sachlech Froen net beäntwert, sou evitéiert en dach déi schlëmmste Fehler, déi bei ähnlechen Themen dacks gemaach ginn: en ass zu kengem Moment voyeuristesch oder parteiesch. A stellt sech domat e bëssen an d’Positioun vun den Erwuessenen, déi nokucke, sech wonneren a sech grad sou verluer fille wéi d’Kanner.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressif sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , . Bookmark the permalink.

Comments are closed.