Podcast: Am Bistro mat der woxx #126 – Steiere spuere mat der Tubaksindustrie

von | 08.01.2021

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Wann een u Lëtzebuerg an Zigaretten denkt, dann denkt een direkt dorunner, datt de Grand-Duché mam Verkaf vun Tubak vill Steiersue verdéngt. Véier grouss Tubaksfirme gëtt et, déi ronn 60 Prozent vum Marché ausmaachen. Dës Multinationalë versichen natierlech och, méiglechst wéineg Steieren ze bezuelen.

De Luc Caregari huet sech e Rapport dozou ukuckt, an deem natierlech och Lëtzebuerg virkënnt. Doranner gëtt een da gewuer, wat fir eng Roll eis Finanzplaz an dem Ganze spillt, mä awer och, wat Landewyck an de Mudam mat Steiervermeidung ze dinn hunn. 

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #396 – Um Tour mam Dynamobile

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Zanter 1995 fuere Leit aus der Belsch ënnert dem Numm Dynamobile zesummen an d'Vakanz – mam Vëlo. Néng Deeg laang si ronn 130 Leit op zwee Rieder ënnerwee, ënnert hinnen och vill Kanner. Dëst Joer fiert hir Expeditioun duerch Lëtzebuerg, an d'woxx-Journalistin...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #394 – D’Enn vu Filmland

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. An enger Woch maachen d'Filmstudioen „Filmland“ zu Keelen hir Dieren endgülteg zou. Domadder geet no dräizéng Joer eng Ära op een Enn, déi fir déi audiovisuell Produktioun zu Lëtzebuerg ganz wichteg war. D'Yolène Le Bras war fir eng Reportage an de Studioen...