Am Bistro mat der woxx #217 – De Muechtmëssbrauch am Kultursektor stoppen

von | 18.11.2022

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Zanter dem MeToo-Mouvement gëtt et méi Bewosstsinn fir sexueller Iwwergrëffer, grad och am Kultursektor. Allerdéngs ass et zu Lëtzebuerg esou, datt et keng Affer ginn, déi ëffentlech iwwert hir Erliefnisser schwätze wëllen. Am Podcast schwätzt de Joël Adami mam Isabel Spigareli doriwwer, wat d’Grënn dofir sinn, an wisou et grad beim Theater oder dem Danz nach eng Kéier méi komplizéiert ass wéi am Recht vun der Gesellschaft. D’woxx-Journalistin schwätzt och doriwwer, wat bei der Konferenz zum Thema geschwat ginn ass a wat fir Konklusiounen an Aktiounen dorausser entstoe sollen.

Link zum Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:
Kultursektor: Den Machtmissbrauch stoppen

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...