Am Bistro mat der woxx #313 – Ewigkeitschemikalien

von | 13.12.2024

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

An der neier Folg vu Am Bistro mat der woxx schwätzt Joël Adami iwwer Eiwegkeetschemikalien an eisen Gewässer. Hien erkläert, wat dës Chemikalië sinn, wéi se an d‚Ëmwelt kommen a wéi eng Geforen se fir Mënsch a Natur duerstellen. Hien beliicht och déi onvollstänneg Donnéeën an d‚Gesetzeslag an Europa a gitt en Abléck an déi aktuell Situatioun zu Lëtzebuerg.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Ewigkeitschemikalien

 

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...