Am Bistro mat der woxx #329 – Online-Psychotherapie ass nëtzlech, mä wisou gëtt se net rembourséiert?

von | 11.04.2025

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.


Et gi vill Grënn, fir eng Psychotherapie-Sëtzung per Videokonferenz ofhalen ze wëllen: Et ass een*t a senger Mobilitéit ageschränkt, et huet een*t eng ustiechend Krankheet oder sëtzt esou déif an enger Depressioun oder Angschtstéierung, datt een*t grad net virun d’Dier kann. Egal wéi: Dacks sinn et déi Krisemomenter, wou et besonnesch wichteg wier, fir Therapie kënnen an Usproch ze huelen. Mä zu Lëtzebuerg ginn dës Online-Sëtzungen net vun der Gesondheetskeess CNS rembourséiert. An dat, obwuel sech am Fong jiddereen – Psychotherapeut*innen, Patient*innen, CNS a Gesondheetsministère – eens ass, datt dat sënnvoll wier. Wisou ass dat esou? D’Melanie Czarnik huet dat fir d’woxx recherchéiert. An dëser Episod erkläert si, wat si dobäi erausfonnt huet a wisou och de Remboursement vun Online-Therapie am Fong just ee klenge Schratt wier.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Psychische Gesundheit: Inklusive Psychotherapie

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #397 – Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze...