All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.
An deene leschte Wochen a Méint gouf et vill Schlagzeilen an Diskussioune ronderëm „rogue AI“, déi angeblech deemnächst schonn sech zu enger „Superintelligenz“ entwéckelen an d’Weltherrschaft iwwerhuele kéint. Tatsächlech huet sech Software, déi op engem grousse Sproochemodell baséiert, de Computernetzwierk vun enger aner Firma infiltréiert. Dëse Virfall ass grouss mediatiséiert ginn an huet zu villen Ängschte gefouert. Am Podcast erkläert de woxx-Journalist Joël Adami, wat et mat deem Virfall wierklech op sech hat, a wisou Firme wéi „OpenAI“ ganz staark dovunner profitéieren, wann hir Produiten als immens mächteg a geféierlech gesi ginn, och wann dat iwwerhaapt net der Realitéit entsprécht.
D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn: Weltuntergang mit Werbewirkung & Der Computer bleibt dumm
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

