Podcast: Am Bistro mat der woxx #015

von | 14.09.2018

Wéi all Woch bitt d’Wochenzeitung woxx iech an hirem Podcast Am Bistro mat der woxx ee Wocheréckbléck an een Abléck an déi aktuell Woch. De Joël Adami an de Raymond Klein schwätzen iwwert Mikroplastik, den Auditoire vun der Villa Louvigny an d’Lag vun der Europäescher Unioun.

D’Luxembourg Space Agency ass eist d’Thema vun der Woch. Dës Woch gouf d’LSA am Mudam presentéiert, d’Schafung vun dëser Agence stellt déi lëtzebuergesch Spacemining-Pläng op eege Féiss, well d’Agence bësse méi onofhängeg vum Wirtschaftsministère soll sinn. Mir ware bei der Virstellung an erzielen, wéi dat esou war, wat fir Gadgeten ausgedeelt goufen a wéi d’Stëmmung am lëtzebuergesche Weltraumsecteur esou momentan esou ass. Natierlech gi mir och op d’Hannergrënn an d’Kritik vum Etienne Schneider sengem Spacemining-Projet an: Geet et just dorëms, de Lëtzebuerger Modell am Weltall weiderzeféieren oder schaaft sech de Grand-Duché mat där Initiative eng néi Nisch?

 

 

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #375 – Wéi hëtze mir an der Zukunft?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #373 – Geschlechtersensibel behandelen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Laang Zäit gouf de männleche Kierper als medezinesche Standart ugesinn – an dat mat konkrete Konsequenzen: Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a...