Wéi all Woch bitt d’Wochenzeitung woxx iech an hirem Podcast Am Bistro mat der woxx ee Wocheréckbléck an een Abléck an déi aktuell Woch. De Joël Adami an de Raymond Klein schwätzen iwwert Mikroplastik, den Auditoire vun der Villa Louvigny an d’Lag vun der Europäescher Unioun.
D’Luxembourg Space Agency ass eist d’Thema vun der Woch. Dës Woch gouf d’LSA am Mudam presentéiert, d’Schafung vun dëser Agence stellt déi lëtzebuergesch Spacemining-Pläng op eege Féiss, well d’Agence bësse méi onofhängeg vum Wirtschaftsministère soll sinn. Mir ware bei der Virstellung an erzielen, wéi dat esou war, wat fir Gadgeten ausgedeelt goufen a wéi d’Stëmmung am lëtzebuergesche Weltraumsecteur esou momentan esou ass. Natierlech gi mir och op d’Hannergrënn an d’Kritik vum Etienne Schneider sengem Spacemining-Projet an: Geet et just dorëms, de Lëtzebuerger Modell am Weltall weiderzeféieren oder schaaft sech de Grand-Duché mat där Initiative eng néi Nisch?
Das könnte Sie auch interessieren:
- Am Bistro mat der woxx #304 – D’Diskussiounen ëm d’Pensiounsreform hate kee gudde Start
- Am Bistro mat der woxx #303 – Wisou si bal just lëtzebuergesch Kanner am Classique?
- Am Bistro mat der woxx #302 – D’EU an de béise Wollef
- Am Bistro mat der woxx #301 – Abschottungspolitik an den USA an an Europa
- Am Bistro mat der woxx #300 – Liberty Steel a finanzieller Kris