Am Bistro mat der woxx #223 – Wat zu Lëtzebuerg alles an der groer Poubelle lant

von | 20.01.2023

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

All puer Joer gëtt eng grouss Analys vun deem gemaach, wat zu Lëtzebuerg als Restmüll an déi groe Poubellë geworf gëtt. Dat ass mat de Joren zwar ëmmer manner ginn, mä vum groussen Null Offall-Zil si mir nach ganz wäit ewech. Am Podcast schwätzt d‘Isabel Spigarelli haut mam Joël Adami doriwwer, wat him an der Analys am meeschten iwwerrascht huet, a wat hie rose gemaach huet. Mä et werfen net just Privatstéit Saachen ewech, och an de Supermarchéë gëtt vill ewech geworf – virun allem Liewensmëttel. Wéi se dat an Zukunft verhënnere wëllen, sollten d’Supermarchéen eigentlech an ee Plang schreiwen, deen se op hirer Websäit verëffentleche missten. Dat ass a ville Fäll awer net geschitt, mä d’woxx huet trotzdeem erausfonnt, wat doranner steet.

 

Link zum Artikel, iwwert déi mir geschwat hunn:
Weit weg von Zero Waste

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...