Am Bistro mat der woxx #353 – Lipödem: Beine wie Blei

von | 26.09.2025

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.


Dës Woch geet et ëm d’Krankheet Lipödem, eng Fettverdeelungsstéierung, déi bal ausschliisslech Fraen a Persoune betrëfft, déi „assigned female at birth“ waren. Vill Betraffen leiden ënner schwierege Schmäerzen an enger schlechter Liewensqualitéit – dacks ouni datt d’Gesondheetssystem se eescht hëlt. An Däitschland iwwerhuelen d’Keesen ab 2026 d’Käschte fir eng chirurgesch Behandlung, zu Lëtzebuerg ass dat nach ëmmer net de Fall. Am Podcast erkläert d’woxx-Journalistin Melanie Czarnik, wat hannert der Krankheet stécht, firwat d’Politik sech esou schwéier deet a wéi eng Roll d’Betraffen selwer an der Opklärungsaarbecht spillen.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Fettverteilungsstörung: Beine wie Blei

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #375 – Wéi hëtze mir an der Zukunft?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg...