Backcover: Claudine Muno

von | 30.03.2022

Am AbrĂ«ll hĂ«lt d’Claudine Muno de StĂ«ft an de Grapp, fir dĂ©i hĂ«nnescht SĂ€it vu der woxx ze gestalten. Iwwer fĂ«nnef Editioune verdeelt erzielt si d’Geschicht vun der Polly Morbid – enger Superheldin am Alter. Mat der woxx huet dĂ©i lĂ«tzebuergesch KĂ«nschtlerin iwwer Fatalismus, Bankautomaten an hiren Hommage geschwat.

D’Polly Morbid ass eng Bomi, dĂ©i keng Angscht viru BegrĂ«ffer wĂ©i „polymorbid“ oder „comorbiditĂ©s“ huet – am GĂ©igendeel.

woxx: Claudine, wisou hutt Dir fir Är Serie „Polly Morbid“ eng Bomi an de KostĂŒm vu enger Superheldin gestach?


Claudine Muno: DĂ©i Iddi ass an der Pandemie entstanen, deelweis duerch meng privat Situatioun. Dacks gĂ«tt lo vu Leit geschwat, dĂ©i vulnerabel sinn – et fale Wierder wĂ©i ‚polymorbid‘ oder och ‚comorbititĂ©s‘. Dat sinn dĂ©i LĂ©it, dĂ©i stierwen, heescht et. Meng Mamm war ganz erstaunt, datt si lo als vulnerabel Persoun gĂ«llt. Et ass net, well ee vill verschidde Krankheeten huet, datt ee kee Liewens-‹welle mĂ©i hĂ€tt. Meng Mamm seet Ă«mmer: „Ech wĂ«ll, ech wĂ«ll, ech wĂ«ll.” Dat ass d’Virbild fir d’Polly Morbid. D’Iddi ass also d’Erzielung Ă«mzedrĂ©inen, an dĂ©i vulnerabel Persounen zu Superheld*innen ze maachen.

Är Serie besteet aus Zeechnungen an Text. Wat war als Ă©ischt do?


Als Ă©ischt war den Text do. Ech hu mech iwwer dee Fatalismus geiergert, deen an der Ă«ffentlecher Debatt existĂ©iert. Den Text ass einfach sou aus mir raus gebrach. D’Iddi zu den Illustratiounen koum, wĂ©i d’woxx mech ugeschwat huet, ob ech eng Serie fir d’RĂ©cksĂ€it wĂ©ilt gestalten.

Wat fir ee Fatalismus mengt Dir?


Datt akzeptéiert gouf oder gëtt, datt vulnerabel Persounen eben duerch Covid stierwen. Dat ass vlÀicht een novollzéibare Fatalismus, mÀ et muss ee sech awer och froen, wien déi iwwer 1.000 Persoune sinn, déi hei am Land am Zesummenhang mat Covid gestuerwe sinn.

Wéi schwéier war et fir Iech, déi belaaschtend Gedanken a Biller ze iwwersetzen?


Net Ă«mmer sinn d’Iddien iwwerdrobar an Illustratiounen. Ech maache meeschtens eng RĂ©i Biller a kucken, wat ech op de Pabeier krĂ©ien.

Et ass net dĂ©i Ă©ischte KĂ©ier, datt Dir fir d’woxx Alter als literarescht Motiv verschafft. Och an Ären zwou ChrĂ«schtdagsgeschichten ass et Ă«m eng eeler Madamm, d’Tatta Nan, gaangen. Wouhier kĂ«nnt dat Interessi ‹um Alter?


Dat huet Ă«nner anerem domadder ze dinn, wĂ©i ech opgewuess sinn. Ech sinn zwar en Eenzelkand, mĂ€ meng Kandheet war net sou, wĂ©i ee sech dat bei Eenzelkanner vlĂ€icht virstellt: Et waren Ă«mmer vill LĂ©it ronderĂ«m mech. Ech si vĂ©ier, fĂ«nnef Joer just mat Erwuessenen an eelere LĂ©it opgewuess – dat prÀÀgt een. Den Ă©ischte BlĂ©ck, deen een erop geheit, fĂ€lt op eeler MĂ«nschen. Ech sinn och geprÀÀgt vu menger Bomi, dĂ©i eng wichteg Roll a mengem Liewe gespillt huet.

D’Claudine Muno schafft regelmĂ©isseg als frĂ€i Mataarbechterin fir d’woxx – lo wot si sech mat der Serie „Polly Morbid“ un d’RĂ©cksĂ€it vu der Zeitung. (Copyright: Claudine Muno)

A wéi engem Sënn?


Si huet mir vill Geschichte vu frĂ©ier gezielt. Si war mat ee Grond, firwat ech Geschicht studĂ©iert hunn. Ech war Ă«mmer interessĂ©iert un ale Fotoen, ech souz als Kand oft tĂ«scht eeleren Dammen, dĂ©i gestrĂ©ckt hunn, an hunn hinnen nogelauschtert. Ech weess, datt et net fir jiddereen Ă«msetzbar ass, eeler Familjemembere bis zum Liewensenn bei sech ze halen, mĂ€ ech persĂ©in-‹lech si frou, datt mir alleguerten zesumme waren an datt meng Bomi bis zum Enn aktiv, um Alldag bedeelegt war – eis lescht Diskussioun goung drĂ«ms, wien 2003 beim Emergenza (MusĂ©kskompetitioun; Umierkung vu der Redaktioun) gewonnen huet.

Beweege mir eis als Gesellschaft generell vun enger Ausernanersetzung mam Alter ewech?


Ech di mir schwĂ©ier ze generali-‹sĂ©ieren. Wat mir am Moment awer interessant schĂ©ngt: D’Welt kĂ«nnt mir vir, wĂ©i wann se ofgetrennt vun eelere MĂ«nsche wier, dĂ©i net an engem Altersheem liewen oder am Spidol sinn. Ech fannen et schwiereg, datt Infrastrukturen ewechbriechen an aus der ProximitĂ©it verschwannen, datt et manner Zeitunge gĂ«tt. Fir verschiddener strukturĂ©ieren am Alter KlĂ©ngegkeeten den Alldag, wĂ©i zum Beispill dĂ©i eng Route, dĂ©i een huet, wann een akafe geet, an dĂ©i Leit, dĂ©i een Ă«nnerwee begĂ©int. Dat gĂ«tt engem eng SĂ©cherheet, wou anerer ewechbriechen, och well de Kierper sech manner gutt beweege lĂ©isst.

D’Polly Morbid kĂ€mpft Ă«nner anerem mat Bankautomaten.


Ech hunn e Mol en eelere Mann an enger Bank gesinn, dee gekrasch huet, well en um Guichet keng Sue ‹konnt ophiewen, an huet missen un den Automat goen. Hien huet sech domadder net auskannt, huet du missen engem vun der Bank sĂ€i Pin ginn a sech alles weise loossen, fir e puer Sue opzehiewen. En ass nees zum Kand gemaach ginn. Ech fannen et diskutabel, datt alles digitali-‹sĂ©iert gĂ«tt – dat erschwĂ©iert verschidde MĂ«nschen, net nĂ«mmen eeleren, den Alldag onnĂ©ideg. Am Moment ginn et och vulnerabel LĂ©it, dĂ©i Panik hu fir akafen ze goen, well et keng Maskeflicht mĂ©i gĂ«tt. Wisou ginn a grousse Supermarchéën dann net een, zwee Deeg agefouert, wou dĂ©i nach besteet?

Är Serie ass um Enn also eng ‹Hommage un eeler Persounen, dĂ©i sech vun all dĂ«sen ËmstĂ€nn net klĂ©ngkrĂ©ie loossen – och wann e puer Zeenen eng gewĂ«sse Komik hunn.


Si ass als Hommage geduecht, ech wĂ«ll duerch dĂ©i Passage mat ‹schwaarzem Humor sĂ©cher mat kengem de Geck maachen. Et seet een net fir nĂ€ischt „We are standing on the shoulders of giants“: Eis FrĂ€iheete sinn erschafft gi vun de Leit, dĂ©i virun eis do waren. DĂ©i richteg Superheld*innen sinn eben net d’Scarlett Johansson oder de Robert Downey Jr. aus de Marvel-Filmer.

Dat kéint Iech och interesséieren