Backcover: Lascar

Frënn*dinne vu propperen a ganze Print-Publikatioune mussen elo staark sinn: De Kënschtler Lascar zerschneit wat him ënner d’Fanger kënnt a mécht doraus Collagen – e Genre, dee sech duerch déi eenzel Konschtepochen zitt. Am Mee weist de Lascar seng Aarbechten op der hënneschter Säit vun der woxx. Wéi hien u seng Kreatiounen erugeet a wisou Schnëppel vu Politker*innen net gläich politesch Konscht sinn, verréit hien an engem Interview zum Optakt vun der Serie.

De Lascar, 1987 gebuer, ass e lëtzebuergesche Kënschtler, dee Collagen an Illustratioune mécht. Ausgangspunkt fir seng Aarbechten a säin Interessi um Genre ass den Dadaismus. De Lascar wunnt a schafft zur Zäit an der Belsch. (© Lascar)

woxx: Lascar, fir Är Collagen zerschneit Dir verschidde Publikatiounen. Wou kënnt déi Zerstéierungswut hir?


Lascar: D’Fro ass vläicht éischter, wéi e Weltbild ech hunn, also mat wéi engen Aen ech d’Welt kucken, datt ech sou schaffen, wéi ech schaffen. Als Mënsch, dee Konscht well schafen, muss een engersäits seng Poren opmaachen an anerersäits och Saachen erëm lassginn. Meng Aart a Weis ass schlussendlech d’Resultat vun dësem Metabolismus. Vläicht ass et awer och ganz einfach eng Onzefriddenheet mam Status Quo an en dezent Dogéintsinn, mä dat wär jo bal schonn erëm typesch lëtzebuergesch Dekadenz.

Wat ass fir d’éischt do: d’Schnëppel oder eng Iddi?


Grondsätzlech ass meng Bildthematik einfach iergendwéi ëmmer schonn do. Natierlech schaffen ech och mol zilgeriicht a konkret op eppes hin, beispillsweis fir ausgewielte Projete fir déi eng relativ fest Iddi dann d’Basis bilt a fir déi ech da gezielt Material zesummesichen. Am léifste schaffen ech awer fräi. Ech versichen de Prozess sou laang ze kontrolléieren, bis en onkontrolléiert weiderleeft a sech entfaalt. E bësse wéi d’Spill vun engem Kand. Sou e Prozess kann ee ganz schlecht rationaliséieren an am beschte Fall schaaft ee just de Kader an deem en ofleeft. D’Iddi erkläert sech dem Betruechter spéiderhi selwer.

A verschiddene vun Äre Collagen tauche politesch Figuren op. A wéi wäit ass déi De-Kontextualiséierung vu hire Portraiten als politescht Statement ze verstoen?


Konscht huet iwwer der Politik ze stoen an huet net instrumentali-
séiert ze ginn. Se ass dofir fräi vun all Ideologie. Konscht ass dat wat kennt a net dat vun éiweg gëschter. Dëst gesot, heescht dat awer net, datt meng Collage net och politesch oder allgemeng gesellschaftlech Thematiken, Prozesser an déi spezifesch Acteuren ëmmer rëm sträifen oder ganz direkt an d’Viséier huelen. Doduerch kënne réischt Froen opgeworf a Klärungs-
usätz an de Raum gestallt gi.

Gesitt Dir d’Method vun der Collage als Méiglechkeet, eng alternativ Erzielung ze schafen oder steet fir Iech eleng den ästhetesche Wäert am Virdergrond?


D’Ästhetik ass just Mëttel zum Zweck, quasi de Vehikel an deem den Inhalt transportéiert gëtt. Speziell d’Collage bitt vill Raum fir nei Narrativer. Do-
duerch, dass de Biller aus hirem Kontext lassléis an dir hiren Inhalt uneegens, kanns du d’Bléckwénkele verstellen, alternativ Kausalitéite skizzéieren an doduerch eventuell och Sënn an Zweck nei aushandelen. Ech gesi meng Manéier dofir zum Deel och an der Traditioun vun der Grotesk: Ech stellen deem scheinbar Schéinen a Gudden eppes entgéint an erhoffen doduerch e berengegenden Effekt ze bewierken. Schlëmmstefalls fannen d’Léit meng Aarbechten halt just schéin.

Wéi ee Konzept hutt Dir Iech fir d’woxx iwwerluecht?


Ech maache fir d’woxx véier ganz ënnerschiddlech Collagen, déi onofhängeg vun enee sinn an dach kënnen an engem gewëssen Zesummenhang oder Kontext gekuckt ginn.

Wisou dat Konzept a keen anert?


Wisou? Dofir!


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.