Am Kader vun der Woch vun der Zivilgesellschaft, déi grad zu Belgrad stattfënnt, weisen Vertriederinnen e Vertrieder aus der ganzer Welt op déi ëmmer méi staark Ënnerdréckung vun hiren Organisatiounen hin.
Säit dem Méindeg an nach bis de Freideg fënnt zu Belgrad déi international Woch vun der Zivilgesellschaft fir statt.
Nom kale Krich an virun allem no der Weltëmweltkonferenz vu Rio am Joer 1992 gouf et e gewëssen Optimismus, sou datt a ville Länner Participatioun vun de Biergerinnen a Bierger un der politescher Gestaltung vun hire Gesellschaften no an no méi grouss ginn ass.
Ugefaangen huet di Woch zu Belgrad mat engem sougenannte „Sommet“ vun der Zivilgesellschaft. Den Term „Sommet“ ass zwar eigentlech e Widdersproch, well et jo ëm en Zesummeschloss vu Graswuerzel-Beweegungen geet. E gouf awer symbolesch gewielt, fir d’Politik, déi sech jo och reegelméisseg op „Sommeten“ trëfft, drop hinzeweisen, datt, iwwer all Grenzen an Ënnerscheeder ewech, och d’Vertriederinnen a Vertrieder vun der Zivilgesellschaft wichteg gemeinsam Fuerderungen hunn.
An tatsächlech gëtt d’Lëscht vun den Doleancen an der jéngster Zäit ëmmer méi grouss.
Sou weist de „Atlas vun der Zivilgesellschaft“, den Civicus (den Matorganisator vun der Belgrader Konferenz) co-editéiert huet, wéi an ëmmer méi Länner d’Akzeptanz vun enger lieweger an aktiver Zivilgesellschaft zeréck geet.
Am Joer 2019 besteet an nëmme 45 Staaten en oppenen Ëmgang mat der Zivilgesellschaft. Mir kënne berouegt sinn: Lëtzebuerg ass do och derbäi. Manner berouegend ass allerdéngs, dat an 23 Länner de genaue Contraire festgestallt gëtt: do ass Zivilgesellschaft „closed“, wéi et am engleschen Originalrapport heescht. Do ass all zivilgesellschaftlech Engagement carrement verbueden a gëtt esouguer strofrechtlech verfollegt.
Wann ee, statt der Zuel vun de Länner, d’Gréisst vun de Bevëlkerunge kuckt, déi do liewen, dann ass de Bilan nach méi bedenklech: Di Länner wou d’Zivilgesellschaft oppen un de gesellschaftlechen a politesche Prozesser deelhuele kann, ëmfaasse just 282 Millioune Leit – dat sinn knapps 4 Prozent vun der Weltbevëlkerung. Di „geschlosse Staaten“ representéieren awer 2 Milliarde Leit, also 27 Prozent vun der selwechter Weltbevëlkerung. Dertëschent leien d’Kategorië „beanträchtegt“ mat 14 Prozent, „beschränkt“ mat 36% an „ënnerdréckt“ mat 19 Prozent Undeel un der Weltbevëlkerung. Et sief ugemierkt, datt et och klassesch westlech Demokratië gëtt, wéi Frankräich oder d’USA, déi net an der éischter Kategorie aklasséiert ginn.
Méi wichteg wéi dës Foto vum Ufank vun 2019 oder d’Kritären, déi am eenzelen zu deene verschidden Bewäertungen gefouert hunn, ass allerdéngs déi allgemeng Tendenz, déi an de leschten Joren ze verspieren ass. An déi weist eendeiteg no ënnen. An zwar an alle Regiounen vun der Welt.
Dem „Deliberative Democracy Index“ no, ass säit 2012 weltwäit e Réckgang vun den Demokratien, respektiv vun demokrateschen Decisiounsprozesser, festzestellen. Säit Mëtt den 1990er Joren war dësen Index bis dohin ëmmer positiv.
Di „gefillten“ Ënnerdréckung, déi vill engagéierte Biergerinnen a Bierger iwwerall op der Welt ze spiere kréien, fënnt also an dem vun der Universitéit vu Göteborg entwéckelten Index en wëssenschaftleche Beleg. Um Terrain moossen sech déi Verännerungen an der Zuel vun de willkürleche Verhaftungen oder, méi schlëmm, un där vun den Attentater, déi géint Vertrieder vun de Basisorganisatiounen ausgefouert ginn.
De „Sommet“ vu Belgrad rifft duerfir derzou op, dësen Trend ze stoppen an derfir ze suergen datt grad am Kader vun enger nohalteger weltwäiter Entwécklung, di zivil Rechter net weider zeréckgeschrauft ginn.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Carte Blanche op RTL: Een Dag fir déi, déi d’Mënscherechter verteidegen
- Carte Blanche op RTL: Di Jonk suerge fir Klimagerechtegkeet
- Carte Blanche op RTL: Wunnen zu Lëtzebuerg
- Carte Blanche op RTL: Corona-Kris am globale Süden – net um falschen Ënn spueren
- Carte Blanche op RTL: Och de Pressepluralismus leit ënnert dem Covid-19