All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Chaos. Esou léisst sech dat, wat zu Esch vun Esch 2022 iwwreg bliwwen ass, an engem Wuert beschreiwen. Besonnesch am Bâtiment 4, dem alternativen, selbstverwaltete Kulturzentrum, rumouert et. Esou sollen do elo Mataarbechter*inne vun der Stad Esch eraplënneren an d’Selbstverwaltung net méi gëllen, heescht et vu Kënschtler*innen. D’Stad Esch schwätzt vu villen eidele Reim, déi net méi genotzt géife ginn. Och bei der Kulturfërderung gesäit et esou aus, wéi wann Esch sech iwwerholl hätt. Am Podcast erkläre mir Detailer – a schwätzen iwwert Situatioun an anere Südgemengen. mehr lesen / lire plus