Am Bistro mat der woxx #359 – Vum Kyoto-Protokoll bis COP30

von | 07.11.2025

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Am Dezember 2015 gouf zu Paräis e Klimaaccord beschloss, dee weltwäit Hoffnungen ausgeléist huet. Zéng Joer méi spéit ass vun där Euphorie wéineg iwwreg – d’Klimaziler ginn ëmmer nach verfeelt, an och Lëtzebuerg huet seng Emissiounen eréischt an de leschte Joren däitlech reduzéiert.
D’Journalist*innen Joël Adami a Maria Elorza kucken zeréck op d’Geschicht vun de COP-Konferenzen – vum Kyoto-Protokoll bis Paräis – a erklären, wou d’Welt haut steet an op wat ee sech bei der COP30 am brasilianesche Belém virbereede muss.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Zehn Jahre Pariser Abkommen: Entspannt in den Abgrund?

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...

NEWS

Klimakrise betrifft über 18.900 Schüler*innen

Zum Schulbeginn hat „Unicef“ neue Maßnahmen gefordert, um Schulräume für die Folgen der Klimakrise zu wappnen. „Klimabedingte Gefahren beeinträchtigen bereits weltweit den Bildungsbetrieb“, so die NGO in einer Pressemitteilung am vergangenen Dienstag. Mindestens 171 Millionen Schüler*innen hätten im Jahr 2025 die Folgen der Klimakrise in den...