Claudine Muno : Sou wéi et net war

Eng Sozialchronik aus Péiteng, wou dräi Bridder versiche laanschteneen ze kommen an hiert Liewen opzebaue – an d’Lächer ze fëllen, déi hir Elteren an hirem Liewen hannerloossen.

(©Zeechnung: Claudine Muno)

Si kéinten eigentlech net méi ënnerschiddlech sin: De vill ze séier erwuessene Simon, den ängschtleche Louis an den enfant terrible, de Panda. An dach sinn se dräi Bridder, déi mat hirer Mamm zu Péiteng, deem vergiessene Fleck am südlechen Dräilännereck, an den 1990er-Joeren opwuessen. Hire Papp léisst sech och heiansdo blécken, ass mol Museker mol Serveur a kënnt meeschtens heem wann him d’Suen ausginn.

Di Absence spléckt di dräi Bridder vun Ufank un. De Simon, deen als Erwuessenen am Haus muss all Mënsch ënnerstëtzen, ass frou wann hien nees fort ass. De Louis, deem seng ganz Veronsécherung wuel och dem Wiesselspill tëscht Freed a Leed, Verlaangeren an Ofstoussen entspréngt, verpasst sech selwer dobäi. Just de Panda, de klenge Raiber vun der Band, freet sech wéi e Kichelchen, wann deen Alen alt nees virun der Dier steet.

D’Buch begleet d’Opwuesse vun deenen dräi Kanner an hiren Iwwergang an den Erwuessenenalter. Wärend de Simon seng Homosexualitéit entdeckt, sprengt sech de Panda eng Hand ewech beim Dommheete maachen – fir en erfollegräiche Youtuber ze ginn. Just de Louis, deen net viru kënnt, muss an engem Coiffeurssalon geparkt ginn. Mat derbäi am Hannergrond ass och ëmmer d’Mamm, d’Olga. Als passiv Persoun, déi d’Aen virun der Realitéit mol gären zoumécht, ass si dach oft genuch de Garant fir den Zesummenhalt vun der Famill. Vläicht einfach, well si weess, dass jiddwereen d’Realitéit anescht emfënnt an dofir all Member vun der Famill muss Waasser a säi Wäi schëdden, fir dass et kann zesumme weider goen.

„Sou wéi et net war“ ass e Broch am Claudine Muno senger Schreif, dee sech zwar mat sengem leschte Buch „Komm net kräischen“ ugedeit hat – dës Kéier ass et hier besser gelongen d’Spannung iwwer de ganzen Text ze halen. Dat läit  sécher och um Wiessel vun der Schreiwperspektiv, vum bannenzegste Monolog zum allwëssenden Erzieler, déi vill méi Flexibilitéit erlaabt. Mä och d’Personnagë kréien duerch di villsäiteg Erfarungen a Beschreiwunge richteg Fleesch op d’Schanken. Et ass zwar (nach) keen „roman noir“, mä net nëmmen di düster Couverture däit un, dass et sech hei wuel ëm der Claudine Muno hiert bis elo schwäerzt Buch handelt. Ouni vill groussaarteg moraleschen oder etheschen Tralala gëtt hei eng knallhaart Geschicht erzielt vun enger Famill, déi éischter vum soziale Rand kënnt, sech néierens hindrécke wëll loossen a sech awer net ëmmer dohinner beweegt, wou se eigentlech hiwollt – wa se da jee iergendwou hiwollt. Sécherlech, eent vun de lëtzebuergesche Bicher, dat dëst Joer op kengem Liesdësch feele sollt.

Erauskomm bei opderlay.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , , , , , , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.