An der BD „Här a Meeschter“, déi 2024 erauskomm ass, betruecht de Marc Angel d’Geschicht vum Klëppelkrich aus der Vue vun deenen, déi dobäi Fiedere gelooss hunn, a setzt se uspriechend an Zeen.

A senger neier BD iwwert d’Suite vum Klëppelkrich zeechent de Marc Angel e Bild vun der Duerf- gesellschaft a vun de Muechtverhältnisser tëscht de Leit. (© Op der Lay)
De Klëppelkrich ass ëmmer nach net eriwwer – zumindest net an der Lëtzebuerger Literatur. Dat rezentste Beispill dofir ass den Zeecheband vum Marc Angel, dee virun e puer Méint erauskomm ass. Datt de Bauerenopstand aus der Zäit vun der republikanescher franséischer Herrschaft bis haut nach Stoff bitt fir Theaterstécker, Commemoratiounen, geschichtlech Wierker an elo souguer eng BD, ass net verwonnerlech. D’Geschicht geet jo ëm e Kampf tëscht David a Goliath, ëm kéng Männer an ëm d’Rettung vum kathoulesche Glawen op dem Territoire vum haitege Lëtzebuerg.
Eng ëmstridde Geschicht
Wéi am Krich tëscht dem republikanesche Frankräich an Éisträich d’Festung Lëtzebuerg 1795 gefall ass, gouf dat fréiert Herzogtum an dat revolutionäert Frankräich integréiert. An deene knapps 20 Joer, wou d’Republik an dëser Géigend d’Soen hat, gouf d’Bevëlkerung mat radikal neien Iddie konfrontéiert, déi den Alldag op d’Kopp gestallt hunn. Amplaz vu monarcheschen Herrscher*inne gouf et elo eng revolutionär Regierung an eng „Assemblée nationale“, déi Gesetzer gestëmmt huet. Déi huet sech un de Prinzippie vu Fräiheet a Gläichheet orientéiert, zumindest um Pabeier. An si huet versicht, géint d’Allmuecht vun der kathoulescher Kierch virzegoen. Dobäi huet se net nëmme probéiert, déi chrëschtlech Fester duerch revolutionärer ze ersetzen oder en neie Kalenner anzeféieren, mee se huet och der Kierch hir Proprietéite konfiszéiert. D’Paschtéier hu missten en Haass-Eed ofleeën.

Ee Gudden, e Béisen a vill Leit, déi sech mam Wand dréinen: de passende Stoff fir eng BD. (© Op der Lay)
Dat goung alles nach esou laang gutt, wéi déi kleng Leit keen Nodeel dovunner haten. Wéi de franséische Regime awer d’Conscriptioun annoncéiert huet an hir jonk Männer sollten an d’Arméi geschéckt ginn, wor et mam Fridden eriwwer. A Flanderen an duerno an de belschen Ardennen, an der Eifel an am Éislek hunn d’Bauere sech zesummegedoen: Si sinn an d’Mairien agedrongen an hunn do d’Consriptiounslëschte verbrannt, si hu franséisch Fräi- heetsbeem zerstéiert a franséisch Gendaarmen attackéiert. Enn Oktober 1798 koum et zu engem richtegen Opstand, an d’Baueren hu sech de franséischen Truppen, déi sollte fir Rou suergen, entgéintgestallt. Datt dat kéint guttgoen, wor eigentlech eng zimmlech kéng Iddi, an déi historesch Dokumenter deiten un, datt eng Rei fervent Paschtéier d’Baueren zu där Revolt ugestëppelt hunn. Natierlech gi se vun där iwwermächteger franséischer Arméi ganz schnell op d’Plaz gewisen. Eng ganz Rei Bauere gi festgeholl an 30 hu missen de Kapp ënner d’Guillotine halen.
Dat ass d’Geschicht, sou wéi se mëttlerweil och an de Geschichtsbicher steet. Zënter der Mëtt vum 19. Joerhonnert ass de Klëppelkrich awer och als ee vun den éischte Momenter interpretéiert ginn, wou sech dat Lëtzebuerger Nationalgefill oder zumindest e „Sonderbewusstsein“ gewisen hätt. Fir där Behaaptung méi Gewiicht ze ginn, hunn déi éischt – kathoulesch – Historiker, déi sech mat der Saach beschäftegt hunn, versicht, dee Bauerenopstand, dee virun allem géint d’Aféierung vun der Conscriptioun gaang ass, zu enger chrëschtlech-nationaler Resistenz géint dat gott- loost Frankräich héichzestiliséieren. Nom Zweete Weltkrich gouf och nach versicht, dat revolutionäert Frankräich mat Nazi-Däitschland an déi franséisch Commissairë mat der Gestapo ze vergläichen. (1) Eréischt den Historiker Gilbert Trausch huet an den 1960er-Jore versicht, déi nationalistesch a reliounspolitesch Mythen, déi ronderëm de Klëppelkrich gesponne goufen, ze zerstéieren. (2) Et ginn awer och haut nach Leit, déi aus dem Klëppelkrich wëllen eng national Cause maachen an esou probéieren, doraus politescht Kapital ze zéien. (3)
E Kampf mat ongläiche Waffen
De Marc Angel, Grafiker an Illustrator, ass dem treie woxx-Publikum duerch seng grafesch Adaptatioune vu literaresche Wierker, awer och duerch den éischte woxx-Logo aus dem Joer 2000 gutt bekannt. Hien huet och schonn ëfters Bande-dessinéeën zu Geschichtsthemen erausbruecht. Als Grafiker huet hien natierlech eng ganz aner Approche zu deem „aarmséilege Bauerenopstand“, wéi en de Klëppelkrich bezeechent, ewéi déi historesch Fuerschung. A sengem schmuele Band mam Titel „Här a Meeschter“ setzt hien d’Geschicht um Enn vum Klëppelkrich un. De Kampf mat ongläiche Waffen – hei d’Bauere mat Klëppelen a Mëschtgreefer, do gutt ausgebilten Zaldote mat moderne Gewierer – ass schlecht ausgaang, an déi meescht Leit aus dem Duerf versichen, sech nees mat den neien Hären ze arrangéieren. Ee vun de Baueren, de Gaspar, huet sech am Bësch verstoppt, fir de Fransousen net an d’Gräpp ze falen. Hie muss nokucken, wéi de Karel, de Buergermeeschter vum Duerf, dee sech virun de franséischen Herrscher geduckt a seng Komeroden u si verroden hat, sech u seng Freiesch Agatha erumécht a si bestit. Well de Gaspar ze vill weess, wëll de Karel hie mat alle Mëttele verschwannen dinn.
Den Auteur beäntwert a senger Duerstellung awer net nëmmen d’Fro, op him dat geléngt. Hien zeechent och e Bild vun der Duerfgesellschaft a vun de Muechtverhältnisser tëscht de Leit. Mat wéinege Wierder ëmräisst hien de geschichtleche Kontext a mécht däitlech, wéi eng konkret Konsequenzen d’Nidderlag vum Klëppelkrich fir déi eenzel Leit huet a wéi d’Kaarten duerno nei verdeelt ginn. Hien deit och un, wéi wéineg d’Fraen dobäi ze soen hunn.
Wëllef, Kueben a Réi
D’Stäerkt vun „Här a Meeschter“ läit awer virun allem am Marc Angel senger grafescher Präsentatioun vun dësem Après-Klëppelkrich-Drama. Deem säi Kader ass am Fong net d’Duerf, mee de Bësch. D’Kueben an d’Wëllef, déi sech ëm de Kadaver vun engem Réi streiden, kréien hir Stëmm, woubäi de Kueben hire Constat „D’Wëllef sinn zréck“ natierlech en duebele Buedem huet. D’Wëllef, déi fir Uerdnung suergen, dat si wéi an enger Fabel natierlech déi franséisch Hären, an d’Kueben déi, déi mam neie System eens ginn. An d’Réi, dat sinn déi, déi dobäi schlecht ewechkommen. Mee villäicht spillt den Auteur mat de Wëllef, déi fir Uerdnung suerge wëllen, och op eis haiteg Gesellschaft un. Iwwerhaapt spillt d’Déierewelt eng wichteg Roll an der Geschicht, als Gefährten an heiansdo Komplize vun den Ënnerdréckten. D’Déiere ginn awer och als effektvoll Kuliss fir d’Ausernanersetzung vun de Protagonisten agesat.

D’Déierewelt spillt eng wichteg Roll an der Geschicht, si gëtt awer och als effektvoll Kuliss fir d’Ausernanersetzung vun de Protagonisten agesat. (© Op der Lay)
Den Zeechestil vum Marc Angel ass sober, an awer zitt en een a säi Bann. Den Auteur setzt nieft vill Schwaarz e puer Faarwe groussflächeg an, virun allem Giel, Orange a besonnesch Blo-Gro, d’Faarf vum Schifer an domadder vum Éislek. Et geléngt him doduerch, eng speziell Stëmmung ze schafen, ob et elo ëm d’Diskussioun tëscht dem Buergermeeschter a senge Geselle geet oder d’Konfrontatioun tëscht hinnen an dem Gaspar am Bësch.
Flott ass och d’Ofwiesslung tëscht klassesche Serië vu Vignetten a ganze Säiten, op deenen den Auteur ouni anengend Casen zeechent. Do setzt hie fir den Hannergrond speziell Zeechen-, Tëppel- an Ofdrocktechniken an, zum Beispill fir d’Gewan oder d’Hecken duerzestellen. Och déi ënnerschiddlech Gréisst a Verdeelung vun de Vignettë gëtt dem Oflaf vun der Geschicht eng staark Dynamik.
Wat trotz där immens uspriech- ender Ästhetik vun de Biller e bësse schued ass, sinn déi relativ stereotypéiert Duerstellunge vum Held Gaspar, deen als groussen an attraktive Mann (mat deem fir BD-en sou typesche markante Kënn) duergestallt gëtt an dee besser schéisse kann, wéi all déi aner, an dem Béisen, dem Karel, deen als klenge schankegen Onsympath dohirkënnt. Um Deckel vum Buch wierkt de Gaspar scho bal wéi e Westernheld. Och d’Libesgeschicht tëscht dem Gaspar an der Agatha ass e bësse previsibel.
D’Geschicht ass och e bëssen einfach gestréckt a vill ze séier eriwwer. Et wier ee gär nach méi gewuer ginn iwwer dem Gaspar säi Schicksal. Fir Leit, déi an der Lëtzebuerger Geschicht net sou doheem sinn, hätten och e puer méi historesch Fakte weidergehollef. Eng Kritik, déi villäicht éischter dem Verlag gëllt, ass, datt ee guer näischt iwwer den Auteur gewuer gëtt an och net iwwer de Kader, an deem d’BD erauskënnt. Dem Marc Angel säi Wierk ass nämlech den éischte Band vun enger ganzer Serie, déi ënner dem Titel „De Rescht vun der Geschicht“ vun der Associatioun „D’Frënn vun der 9. Konscht“ an dem Verlag „Op der Lay“ lancéiert gouf.