Loscht mat der woxx ze streamen? D’Tessie an d’Isabel kucken déi nei Netflix-Serie „Feel Good“ – a schwätzen iwwert Queerness, toxesch Bezéiungen, Sucht a Sex um Écran. Hei ass déi drëtt Folleg.

© Netflix
D’Tessie an d’Isabel si bei der drëtter Folleg vun der Netflix-Serie „Feel Good“ ukomm – an diskutéieren ënner anerem des Froen: Wéi wierkt sech déi affektiv Zefriddenheet an enger Bezéiung op d’Sexliewe vun enger Koppel aus? A wéivill Contenu verdréit eng Episode?
An der drëtter Folleg vun „Feel Good“ erkennt d’Mae, datt et him méi a méi zousetzt, datt d’George hir Bezéiung viru senge Frënn a senger Famill verheemlecht. Dorënner leid net nëmmen hiert Sexualliewen.
Dir hutt déi aner Folge verpasst? Déi éischt kënnt der hei an déi zweet do nolauschteren.

