Kultur-Podcast: Um Canapé mat der woxx #01 – Feel Good, Ep. 1

von | 22.03.2020

Loscht mat der woxx ze streamen? D’Tessie an d’Isabel kucken déi nei Netflix-Serie „Feel Good“ – a schwätzen iwwert Queerness, toxesch Bezéiungen, Sucht a Sex um Écran. Hei ass déi éischt Folleg.

Déi aktuell sanitär Kris stellt d’Mënsche ronderëm d’Welt viru grouss Erausfuerderungen. Mee et muss een och dat Positivt gesinn, gëtt déi aktuell Situatioun dach och Geleeënheet, fir Saachen ze maachen, déi virdru leie bliwwe sinn an nei Projeten ze starten. E Resultat dovun ass eng Podcast-Reih, an däer d’woxx an enger éischter Phas vum Canapé aus déi nei Netflix-Serie “Feel Good” ënnert d’Lupp hëlt. Déi insgesamt sechs Folgen bidden d’Geleeënheet fir iwwer Theme wéi Queerness, Coming-out, Sucht an affektiv a sexuell Gesondheet ze diskutéieren – Themen, déi d’woxx als queerfeministesch Zeitung souwisou d’ganz Joer iwwer beschäftegen. Mat dësem Podcast hoffe mer e bësse Liichtegkeet an Oflenkung an den vu sech iwwerschloenden, negativen Entwécklungen geprägten Alldag ze bréngen.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...