Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #6 Kulturjournalismus zum Abschied

von | 19.07.2021

Maacht Iech et gemittlech, mir hunn eng nei Episode vum Kulturpodcast „Um Canapé mat der woxx“ fir Iech: Iert de Luc Caregari nächsten Mount bei Reporter wiesselt, plaudert hien nach e Mol aus dem Nähkästchen a kuckt op 15 Joer Kulturjournalismus zréck. Mam Isabel Spigarelli schwetzt hien iwwert Monsteren, de Pig Gate a doriwwer wat de Serge Tonnar mat Schluss maachen ze dinn huet.

Virun engem gudde Joer huet d’Isabel Spigarelli dem Luc Caregari bei der woxx d’Koordinatioun vu de Kultursäiten ofgeholl. Ënn des Mounts verléisst de Luc d’woxx a wiesselt bei d’Online-Zeitung Reporter. Virdru péckt den alen Hues awer nach déi eng oder aner Anekdot aus 15 Joer Kulturjournalismus aus: Et gouf gemotzt, Schwäi giess a net bezuelt, gelunn a geraibert. Am Gespréich kommen vill Froen op: Deet d’Professionaliséierung vu der lëtzebuergescher Kulturszen hir gutt? Brauch et de Kulturjournalismus an der Press nach? A wat ënnerscheet en vu Blogger*innen a Influencer*innen, déi kulturell Produktioune rezenséieren?

 

 

 

 

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #375 – Wéi hëtze mir an der Zukunft?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #373 – Geschlechtersensibel behandelen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Laang Zäit gouf de männleche Kierper als medezinesche Standart ugesinn – an dat mat konkrete Konsequenzen: Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a...