Wéi all Woch bidde mir iech och dës Woch an eisem Podcast „am Bistro mat der woxx“ een Abléck doranner, wat d’woxx-Redaktioun déi läscht Woch sou beweegt huet.
Dës Woch steet eis Print-Nummer ganz am Zeechen vun de kommenden Wahlen. Mir hunn eis den Wahlkampf an den sozialen Medien méi genee ugekuckt an d’Wahlprogrammer op d’Thema Chancëgläichheet hin analyséiert.
D‘Kulturpolitik ass d‘Thema vun der Woch. De Luc Caregari an de Joël Adami vun der woxx schwätzen iwwert d‘Stëmmung bei der Presentatioun vum Kulturentwécklungsplang an iwwert Fro, wéi realistesch et ass, datt dëse Plang dann tatsächlech an d‘Realitéit ëmgesat gëtt. Mir analyséieren d‘Kulturdeeler vun de verschiddene Wahlprogrammer. Dobäi kommen och e puer interessant Proposen zum Virschlag a mir gi gewuer, wat fir eng Partei de Kulturbudget carrement verduebele wëll.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Am Bistro mat der woxx #239 – D’Ierwe vun Esch 2022
- Am Bistro mat der woxx #220 – Nei Gesetzer fir Kultur a Landwirtschaft
- Am Bistro mat der woxx #209 – De woke Mob vs de Feuilleton – wien däerf ee Film kritiséieren?
- Am Bistro mat der woxx #208 – Wisou gëtt et keng Kulturfërderung fir Videospiller zu Lëtzebuerg?
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #123 – Wann aus der Kulturoas eng Wüüst gëtt – wéi trëfft den zweete Lockdown de Kultursecteur?