All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Dës Woch schwätzen de Luc Caregari an de Joël Adami iwwert d’Fantom-Investissementer zu Lëtzebuerg. Et ginn nämlech esou vill auslännesch Investissementer am Land, datt déi guer net all an der realer Wirtschaft stieche kënnen. Dat geet aus engem Artikel vum internationale Wärungsfong ervir. De Luc Caregari huet sech ugekuckt, op den Titel „financial death star of Europe“ Lëtzebuerg ëmmer nach gerecht gëtt an d’Journalisten diskutéieren iwwert Fro, op de Pierre Gramegna de néien Darth Vader ass.
Ausserdeem erkläert de woxx-Journalist, wat et mat deene Fantom-Investissementer op sech huet a wisou déi och zum Beispill fir d’Nord-Süd-Gerechtegkeet enorm schiedlech sinn. Een anert Thema ass d’Fro, ob sech kuerzfristeg eppes un der lëtzebuergescher Politik, fir ëmmer nei Steiernischen ze kreéieren, ännere wäert.
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify/ mat Android / per RSS.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Am Bistro mat der woxx #227 – Wat d’Urteel vum Europäesche Geriichtshaff fir d’Mënscherechter fir Lëtzebuerg bedeit
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #076 – Ass Lëtzebuerg nach ëmmer ee Steierparadäis?
- Am Bistro mat der woxx #225 – Wéi d’Regierung Greenwashing op der Finanzplaz fërdert
- Am Bistro mat der woxx #200 – Gas an Atom sinn an der EU-Taxonomie. An elo?
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #149 – D’Affär Luxletters erkläert