All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Datt 14 Lëtzebuerger wärend dem Zweete Weltkrich am Reserve-Polizeibataillon 101 aktiv waren, ass scho méi laang gewosst. Elo huet d‘woxx exklusiv eng Foto publizéiert, déi beweist, datt dës Lëtzebuerger keng Affer oder souguer Widderstandskämpfer waren, mä un der Ermordung vun der jiddescher Populatioun a Polen bedeelegt waren.
De Joël Adami schwätzt mam Luc Caregari iwwer d’Hannergrënn vun dëser Entdeckung an doriwwer, wat se fir déi lëtzebuergesch Geschichtsschreiwung bedeit.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #066 – Sozialalmanach an 100 Joer Walrecht
- Am Bistro mat der woxx #304 – D’Diskussiounen ëm d’Pensiounsreform hate kee gudde Start
- Am Bistro mat der woxx #303 – Wisou si bal just lëtzebuergesch Kanner am Classique?
- Am Bistro mat der woxx #302 – D’EU an de béise Wollef
- Am Bistro mat der woxx #301 – Abschottungspolitik an den USA an an Europa