Podcast: Am Bistro mat der woxx #100 – D’woxx vun der Zukunft

von | 19.06.2020

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Mir feieren déi 100. Episod vun eisem Podcast. Dës Kéier gi mir dofir op eis aktuell Campagne „D‘woxx vu muer“ an. Véier vun eise Journalist*innen erzielen iwwert déi Aspekter, déi hinne besonnesch wichteg sinn. De Raymond Klein iwwert d‘woxx als Virreiderin am Digitalen, de Richard Graf iwwert de Geschäftsmodell vum Zeitungsmaachen zu Lëtzebuerg, d‘Tessie Jakobs iwwert den Ëmgang mat der Sprooch an eisen Texter an d‘Isabel Spigarelli iwwert eis Resilienz, déi mir wärend der Covid-19-Kris besonnesch mat eisem Agendadeel hu missen ënnert Beweis stellen.

Donieft gitt dir gewuer, wéi dir d‘woxx ënnerstëtze kënnt. Vue, datt mir dës Episod mat enger Videokonferenz-Software opgeholl hunn, ass d‘Qualitéit plazeweis net immens – mir bieden dat ze entschëllegen!

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify/ mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...

WOXX@HOME

Lucky Luc

Wer am vergangenen Sonntag auf dem Oekofest war, kann ihn kaum übersehen haben: unseren woxx-Stand mit Banner, Bastelaktion und Glücksrad. Die Stimmung war gut, der Andrang groß und der Kaffee, der unser Oekofest-Team mit einem Energiekick versorgte, vollmundig. Bis zum späten Nachmittag zeigte uns selbst das Wetter sein freundliches Gesicht....